Sans-abrien temoignéieren iwwer d'Liewen op der Strooss
Wie sinn déi Leit, déi dobausse schlofen? Eng RTL-Ekipp war eng Nuecht laang an der Stad ënnerwee.
Do konnt ee sech sech ee Bild doriwwer ze maachen, wéi et ass, keen Doheem ze hunn.
Offiziell sollen et eleng am Raum vun der Stad méi 200 Sans-abrie ginn. A knapp enger Woch, de 15. November, mécht d'Wanteraktioun (WAK) hir Dieren op. Dann hu Leit, déi keen Doheem hunn, nees (bis de 15. Abrëll) eng Schlofplaz fir d'Nuecht.
Zejoert huet d'WAK missen d'Zuel u Better vun 250 op 300 erop schrauwen, well méi Leit wéi soss dobausse geschlof hunn. Paradox, wann ee bedenkt, datt sech Lëtzebuerg 2021, zesumme mat den aneren EU-Memberen, d'Zil gesat huet, bis 2030 keng Leit méi op der Strooss ze hunn.
Wéi dat méiglech soll sinn an ob scho Schrëtt an déi Richtung gemaach goufen, ass nach net kommunizéiert ginn. D'Realitéit um Terrain gesäit op alle Fall dono aus, wéi wann d'Zuel den Ament nach net géif erofgoen. Am Géigendeel.
D'Rosa Clemente an de Mike Elsen wollte wëssen, wien déi Leit sinn, déi an der Stad ënner fräiem Himmel schlofen. An e Gefill dofir kréien, wéi et ass, als Sans-abri zu Lëtzebuerg ze liewen. Dofir hu si selwer eng Nuecht op der Strooss verbruecht an Temoignagë gesammelt.