Policebeamte fir aner Missioune mobiliséieren, esou zoustänneg Ministèren

© Céline Spithoven (Archiv)
Eng parlamentaresch Fro beschäftegt sech mam Transport vu Prisonéier an dem Impakt, deen dëst op d'Police huet.
Den Transport vu Prisonéier gëtt analyséiert. An hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP schreiwen de Justizministère an den Inneministère, datt deen Transport, dee vun der Unité de Garde et d’Appui operationell vun der Police gemaach gëtt, gutt géing funktionéieren.
Allerdéngs géing et vill Personal verlaangen: bannent 12 Méint wieren 1.838 esou Transporter gemaach ginn. Tëscht de Prisonge vu Schraasseg an dem Uerschterhaff an de Geriichter oder nach fir medezinesch Visitten. Et géing elo no Alternative gesicht ginn, fir d’Policebeamte fir aner Missioune kënnen ze mobiliséieren.