Affer kréie liewenslänglech, Täter komme meeschtens mat engem Sursis ewech
4 Affer, 4 Schicksaler, 4 Mënschen, déi mat vill Courage hir Geschicht erzielen ouni sech ze verstoppen.
Et ass en Ëmdenke vum Tabutheema "sexuelle Mëssbrauch an haislech Gewalt", Wierder, déi dacks iwwer Zonge vun onsen Autoritéite lafen, awer wou schlussendlech wéineg passéiert. Den Täter-Schutz gëtt méi schnell reforméiert wéi iwwerhaapt vum Affer-Schutz rieds ass. Dass Éischt-Täter an der Reform vum Gesetz vun 2018 elo quasi ëmmer mat engem Sursis ewechkommen, ass fir Affer net ze verstoen.
D'Donkelziffer ass enorm
90% vun de Fäll vu sexuellem Mëssbrauch gi vun Täter aus dem familiären oder noem Ëmfeld aus. D'Affer verstoppe sech well si sech schummen oder aus Angscht, dass keen hinne gleeft an dass se net seriö geholl ginn. A genee dat motivéiert Täter weider, Kanner a Mënschen ze abuséieren. Ee Meedchen op véier an ee Jong ob fënnef huet a senger Kandheet e sexuellen Trauma erlieft.
Beweegend Iwwerliewensgeschichten
De Steve gouf am Alter vun 8-9 Joer vum Schoulmeeschter vu Biissen sexuell mëssbraucht. Jidderee wousst Bescheed, awer keen huet eppes gesot.
D'Mary Faltz huet 16 Joer laang ënnert dem Mëssbrauch vun hirem Täter gelidden. Mat 27 huet déi jonk Fra hire Papp gemellt. De schéinsten Dag an hirem Liewe war deen, wou hire Papp mat Handschellen an de Prisong gefouert gouf.
D’Liz gouf zu Wien op K.O.-Drëpse vergewaltegt. D’Ausso géint Ausso ass net duergaangen, fir den Täter viru Geriicht ze zitéieren.
D’Ana gouf 11 Joer laang vun hirem Mann geschloen, mëssbraucht an deeglaang agespaart ouni Iessen an Drénken. Si kämpft haut fir Gerechtegkeet am Affer-Schutz.
Dëse Reportage ass en dréngenden Appell, fir déi déif verwuerzelt Tabuen an eiser Gesellschaft ze briechen an den Affer déi Gerechtegkeet an Ënnerstëtzung ze ginn, déi se verdéngen.
Tabu Thema: sexuelle Mëssbrauch an haislech Gewalt.
D'Annette Michels gouf an hirer Kandheet sexuell mëssbraucht. Bis zu hirem 50 Liewens Joer huet si dorënner gelidden. Elo verstoppt si sech net méi. Et ass net um Affer, sech ze verstoppen, mä um Täter. Eent vu véier Meedercher an ee vu fënnef Jongen hunn an hirer Jugend oder Kandheet e sexuellen Trauma erlieft. An awer hunn nëmmen déi Wéinegst de Courage, doriwwer ze schwätzen.
Wat hei am Land ronderëm d’Tabutheema "Sexuelle Mëssbrauch" net gesot gëtt, mécht méi Kaméidi wéi d'Jäize vun de villen onschëllegen Affer. D’Stëmm vun den Iwwerliewenden: Affer setze sech fir Affer an a wie kann Affer besser verstoen, wéi Affer selwer?
Ëm d'Theema sexuelle Mëssbrauch an haislech Gewalt géint Frae geet et och en Donneschdegowend an eiser Emissioun "Kloertext" mam Caroline Mart, direkt nom Journal op der Tëlee.