Koppel krut sech an der Stad an d'Hoer, Mann fir Kontroll am Spidol
© RTL Archivbild
Wéi d'Police schreift, hat eng Koppel an der Nuecht op en Donneschdeg op oppener Strooss Sträit matenee kritt.
D'Koppel gouf op der Héicht vun der Paräisser Plaz an der Stad vun enger Patrull lokaliséiert. D'Polizisten hunn de Mann an d'Fra misse vuneneen huelen, déi amgaange waren, sech géigesäiteg ze blesséieren. Wéi d'Police an hirem Bericht präziséiert, hätt d'Koppel nach op der Plaz misse vun de Rettungsservicer versuergt ginn. De Mann koum fir eng Kontroll an d'Spidol.
Op Uerder vum Parquet gouf de Virfall protokolléiert an en Täschemesser saiséiert.
Drogekontroll a Bus zu Käerjeng
Géint 20.15 Auer hat d'Police e Bus kontrolléiert. Op enger Sëtzplaz gouf eng Sacoche mat Droge fonnt. De Mann, deen niewendru souz, gouf doropshi kontrolléiert. Bei him goufe Boergeld an en Handy séchergestallt. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl.