Der Gesondheetsministesch no géifen et bis elo keng wëssenschaftlech Conclusioune ginn iwwert d'Effikassitéit oder d'Plus-value vum medezinesche Cannabis.

Der Gesondheetsministesch Martine Deprez no géifen et bis ewell keng wëssenschaftlech Conclusioune ginn iwwert d'Effikassitéit respektiv iwwert d'Plus-value vum medezinesche Cannabis. Dat präziséiert d'Ministesch an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP, déi no der Annonce lescht Woch an der Chamber weider Prezisioune gefrot huet.

Wat ännert konkret?

Vum 1. Januar u wäerten et keng Bléie mat héijem THC-Gehalt méi ginn. Donieft gëtt d'maximal Quantitéit vu Cannabis-Bléien op maximal 60 Gramm pro 28 Deeg reduzéiert.

Der Martine Deprez no hätt et Problemer beim Dosage ginn. Donieft schwätzt si vu potentiellen Abusen, wann een d'Bléie fëmmt, déi et beim Benotze vum Cannabis-Ueleg net géinge ginn. Anescht wéi a Frankräich géif een net abrupt mat der Distributioun ophalen, mee progressiv. Et géif ee virop mat de Produiten ophalen, déi en héijen THC-Gehalt hunn.

Op d'Fro vun der LSAP, ob et net sënnvoll wier, dës Decisioun ze verréckelen, fir d'Patienten net zousätzlech ze penaliséieren, betount d'Martine Deprez, datt een net vun enger Bestrofung schwätze kéint. Ëmmerhin hätt d'Santé d'Changementer Mëtt Oktober annoncéiert. Dat hätt de Patienten eng Adaptatiounszäit vun 3 Méint ginn. Donieft argumentéiert d'Ministesch, datt en Traitement mat de Cannabis-Ueleger jo nach ëmmer méiglech wier.