LSAP wollt Ausbau vu Sonndesaarbecht u sektoriell Kollektivverträg bannen

© Freestocks / Unsplash
Diskussioune gouf et op en neits wéinst der Regierung hirem Gesetzprojet d'Sonndesaarbecht am Eenzelhandel vu 4 op 8 Stonnen eropsetzen.
D'LSAP wollt an enger Motioun, datt sech d'Chamber derfir ausschwätze géif, fir den Elargissement vun der Sonndesaarbecht un d'Ausschaffe vu sektorielle Kollektivverträg ze knäppen. Mat där Motioun géif ee mat den traditionelle Geflogenheeten um Krautmaart briechen, fir keng Motiounen zu lafende Gesetzprojeten ze deposéieren, sot den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz, deen dem Contenu vun der Motioun prinzipiell net widdersprach huet.
Weder déi Gréng, nach d'adr oder d'Piraten wollten d'sozialistesch Oppositioun an hirer Demarche ënnerstëtzen. An der Diskussioun wier net alles schwaarz a wäiss, duerfir wéilten déi Gréng léiwer konstruktiv matschaffen, sot d'Djuna Bernard. Iwwerdeems de Jeff Engelen vun der adr op d'Schwieregkeeten higewise huet, déi grad kleng Betriber riskéieren ze kréien, fir Kollektivverträg auszehandelen. All dës Froe sollt ee besser an der zoustänneger Chamberkommissioun diskutéieren.
Iwwerdeems de Marc Baum vun déi Lénk drop higewisen huet, datt et an där ganzer Diskussioun dach virun allem ëm eppes misst goen: An zwar misst ee rëm zréckkomme bei de Sozialdialog, an deem de Staat d’Roll vum Mediateur ze spillen hätt. An de leschte Woche wier en Ongläichgewiicht entstanen, well de Staat sech op eng Säit geschloen hat.
D'Corinne Cahen vun der DP, selwer Geschäftsfra, huet sech an hirer Interventioun un der Duerstellung gestéiert, den Ausbau vun der Sonndesaarbecht wier vum "grousse Patronat" gewënscht. Vill méi wier et awer eng grouss Demande vum Terrain, grad vun de Mataarbechter an de klenge Commercen. Déi wéilten en Vue vun de verkafsoppene Sonndeger, déi elo ustinn, dacks léiwer 8 Stonnen um Stéck an dann nëmmen all zweete Sonndeg schaffen. Amplaz all Weekend missen ze kommen. Dat géif an der Diskussioun dacks falsch duergestallt ginn.
An der Chamber gouf um Ofschloss vun der Diskussioun unanime decidéiert, fir an der zoustänneger Chamberkommissioun weider iwwert de Sujet ze diskutéieren.