
Wéinst Verstéiss géint d’Parteifinanzéierungsgesetz hunn déi zwou zoustänneg Chamberkommissioune festgehalen, fir zwou verschidden Denonciatiounen ze maachen.
Eng éischt Denonciatioun betrëfft d’Piratepartei wéinst engem Auto-Leasing-Kontrakt, deen d’Cour des Comptes an hirem Rapport als net konform mam Gesetz uprangert. Dëse Leasingauto war enger Pirate-Mandatairin zur Dispositioun gestallt ginn, ouni datt et em Joer 2023 Recetten oder och Créancen am Kontext mam Won gouf an och net kloer war, wat de Gebrauch vum Auto mat der Aktivitéit vun enger Partei ze dinn hätt.
Eng zweet Denonciatioun soll via de Chamberpresident beim Parquet gemaach ginn: dëst betrëfft d’Deklaratiounen op d’Éier, déi all Kandidat bei de Chamberwalen ze maachen huet. Beim ADR sinn déi 60 Kandidate betraff, déi keng “déclaration sur l’honneur” eraginn hunn. Dem Gesetz no kann dëst eng penal Sanktioun matsechbréngen. Et geet hei drëms, datt d’Kandidaten deklaréieren, datt se keng Done vun iwwer 250 Euro ugeholl hunn.
Kee vun den ADR-Kandidaten huet dës Piècen am Kader vun de Chamberwalen 2023 eragereecht.