Mat de 7 Jo-Stëmme vun der Majoritéit a mat zwou Enthalungen an enger Nee-Stëmm vun der CSV-Oppositioun gouf d’Convention d’exécution zum PAP an de Projet d’exécution ugeholl. Dat bedeit, datt d’Prozedur um Niveau vum PAP ofgeschloss ass.
Eng Baugeneemegung vu Google gëtt et awer nach net.
De Buergermeeschter David Viaggi vun der Biergerlëscht Äer Leit ass awer optimistesch, datt déi iergendwann agereecht gëtt, mä wéini dat kéint sinn, weess hien och net. Op alle Fall ass elo mol déi Convention d’exécution zum PAP ugeholl, déi de Schäfferot mat Google ënnerschriwwen huet.
“D’Convention d’exécution zum PAP reegelt d’Infrastrukturen, d’Stroossen, d’Weeër. All déi Saachen, déi ëffentlecher Natur sinn, déi den Initiateur realiséiert an dann un d’Gemeng oftrëtt. Dat heescht, mir reegelen dat d’gratis Oftriede vun den ëffentlechen Infrastrukturen.”
An dem Projet d’exécution, geet et ëm e grousse Feldwee, deen iwwert de Site vu Google geet. D’Gemeng baut dee Wee, mat all de Réier op enger anerer Plaz nei, verrechent Google dat an d’Entreprise trëtt dee Wee dann un d’Gemeng of. Et ass Usus, datt bei PAPen bis zu 25 Prozent Terrain un d’Gemeng ofgetratt ginn. De Feldwee si just 2,2 Prozent an dofir gëtt et fir de Recht eng Kompensatiounsentschiedegung an der Héicht vun 13,5 Milliounen Euro. Déi Sue wiere kee Kaddo, mä géifen d’Käschten decken...
”...fir deen een oder anere Rouer ze bauen, Waasser ofzeféieren, all déi Projeten, déi fir eis dono an d’Gewiicht falen an dat ginn der, fir déi dono kënnen ze bezuelen.”
Gereegelt ass dann och elo de Waasserverbrauch, deen an de leschte Jore fir vill Diskussioune gesuergt huet. Dee steet elo schwaarz op wäiss an der Konventioun.
“An der Phase chantier gi se dovunner aus, datt se e maximalen Debit vun 8,64 Meterkibb pro Stonn brauchen, mat enger Dagesmoyenne vun 51 Meterkibb. Dono fir dat administratiivt Gebai brauche se 6,50 Meterkibb d’Stonn mat enger Dagesmoyenne vun 11 Meterkibb.”
D’CSV-Oppositioun wollt hiren Accord net ginn. Si hätt léiwer gehat, wann esou e komplexe Sujet an enger Aarbechtssitzung diskutéiert gi wier an hat nach eng ganz Partie Froen a Remarken un de Buergermeeschter.
Den Conseiller Christian Hoscheid versteet zum Beispill net, firwat d’Gemeng de Risiko muss huelen, fir bannent 18 Méint en neie Feldwee ze bauen.
“Wou d’Gesetz awer ganz kloer seet, datt den Initiateur u sech à charge ass, fir all déi Saachen, déi musse geännert ginn, ze maachen a se dono un d’Gemeng ofzetrieden. D’Argument fir ze soen, wa mir et maachen, da wësse mer, datt et esou gemaach ass wéi mer eis dat virstellen....Bon! Et kann een Argument sinn, mä wann dat et ass,... wa mer net méi Vertrauen hunn, wann elo e grousse Site soll gebaut ginn.”
Dee Feldwee gëtt trotzdeem elo gebaut, an duerno u Google weider verrechent. Déi 13,5 Milliounen Euro fir d’Kompensatiounsentschiedegung sollen an zwou Etappen bis Enn dës Joers um Kont vun der Gemeng Biissen sinn.