Detailer iwwer Brandursaach bekanntProduktioun bei der Goodyear ka geschwënn nees ulafen

RTL Lëtzebuerg
Et sinn éischt Detailer doriwwer gewosst, wéi d'Feier bei der Goodyear zu Colmer-Bierg ausgebrach ass.
Feier bei der Goodyear
Et sinn éischt Detailer doriwwer gewosst, wéi d’Feier bei der Goodyear zu Colmer-Bierg ausgebrach ass.

D’Police judiciaire an d’Police technique waren en Dënschdeg um Goodyear-Site zu Colmer-Bierg, fir ze iwwerpréiwen, ob eng Enquête an d’Weeër muss geleet ginn, heescht et op RTL-Nofro.

D’Feier beim Pneue-Produzent ass e Méindeg bei enger technologescher Mësch-Anlag ausgebrach. Dat huet de Robert Fornieri vum LCGB en Dënschdeg um RTL-Mikro confirméiert. Där Anlage ginn et der awer méi op dësem Produktiounssite an dowéinst kéint ee geschwënn och nees mat der Produktioun ufänken. Weider Detailer kéint hien als Vertrieder vun de Salariéen awer net ginn.

Robert Fornieri vum LCGB iwwer d’Feier bei der Goodyear

“La situation actuelle pour le moment est que l’usine de pneus est en arrêt et aussi partiellement encore dans les bureaux et dans la recherche. L’ITM est encore sur les lieux pour analyser que l’entreprise se remette conforme ou accomplisse les règles de sécurité pour permettre un redémarrage les prochaines heures dans l’usine de production.”

An der Produktioun vun de Pneue schaffe ronn 1.600 Leit. Donieft schaffen an der Recherche an an der Administratioun och nach ronn 1.500 Leit. D’Direktioun hat e Méindeg séier d’Decisioun geholl, d’Produktioun ze stoppen, fir jiddereen a Sécherheet ze bréngen.

Ronn 100 Employéë wieren aktuell op der Plaz, fir de Redemarrage vun der Produktioun ze preparéieren. Anerer, déi direkt op der Plaz geschafft hunn, wou d’Feier ausgebrach ass, krute gesot, doheem ze bleiwen. Nach Anerer wieren am Télétravail, erkläert de Robert Fornieri vum LCGB.

Et kéint awer och nach e puer Deeg daueren, bis d’Pneueproduktioun um Site nees uleeft. De Salariatsvertrieder lueft d’Prise en charge, den Dialog an déi gutt Kommunikatioun tëscht der Direktioun vun der Goodyear an der Personaldelegatioun.

Vill Uriff op der Gemeng

D’Gemeng Colmer-Bierg huet keng nei Informatiounen iwwer d’Situatioun um Goodyear-Site. Den Telefon hätt awer dacks gerabbelt. Fir ze wëssen, ob een nees lëfte kéint, respektiv wat ee maache kéint, wann een duerch d’Feier zu Schued komm wär. D’Buergermeeschtesch Mandy Arendt weess awer bis elo net vu Bierger, déi e Schued erlidden hätten. D’Leit géife sech einfach emol gär informéieren. Si sollten awer lo emol de Kapp a Rou leeën. D’Gemeng géif gutt mat der Goodyear schaffen, de Pneueproduzent wier ganz reaktiv. Am Fall vun engem Schued géif ee schonn eng Léisung zesumme fannen.

Nach ze fréi fir Prezisiounen

D‘Goodyear selwer wollt op RTL-Nofro en Dënschdeg keng Prezisiounen iwwer d’Situatioun um Site ginn. Et wär nach ze fréi, d‘Situatioun géif permanent evoluéieren. D‘Sécherheet vun de Mataarbechter hätt iewescht Prioritéit. Zesumme mat den Autoritéite géif een dru schaffen, fir d’Brandursaach ze klären an d‘Héicht vum Schued ze evaluéieren.

Back to Top
CIM LOGO