"Mir sinn elo warscheinlech nees am Alter vum Obskurantismus ukomm"

© Sarah Cames / RTL
Den Dr. Gérard Schockmel war eent vun de prägende Gesiichter vun der Covid-Pandemie zu Lëtzebuerg.
Elo, fënnef Joer no deenen éischte Fäll vun der Krankheet am Grand-Duché, hu mir mat him ee Bléck zeréck an déi Jore geworf, ma och en Ausbléck op d'Zukunft gewot.
Mir treffen den Dr. Schockmel am Café vum Mudam, wou et fir ee vereente Januardag nach iwwerraschend hell ass. Den Infektiolog huet säin Dokter-Kiddel no der Pandemie fir e Sëtz an der Chamber ausgetosch. Säi Mandat ass den DP-Politiker am Oktober 2023 ugetrueden, ma säi Büro am Spidol um Kierchbierg huet hien nach ëmmer. Et wier him wichteg, de Kontakt zu dësem Ëmfeld trotz Congé politique ze halen, seet den Dr. Schockmel.
"Da ginn ech meeschtens och an d'Cafeteria vum Spidol iessen, da schwätzen ech mat menge Confrèren an da ginn ech och gewuer, wou de Schong dréckt. Oft kann ech dat dann direkt esou weiderginn, un déi zoustänneg Ministeren oder an d'Kommissiounen."
Virun der Corona-Pandemie war et den HIV-Virus
Datt den Dr. Schockmel haut ënnert anerem an der Gesondheetskommissioun sëtzt, kënnt net vun ongeféier. Wärend der Corona-Pandemie huet den Infektiolog iwwer medezinesch Fakten opgekläert a sech esou och an der Ëffentlechkeet een Numm gemaach. Et war doriwwer eraus och net déi éischt Pandemie, bei där hien hautno derbäi war.
De Gérard Schockmel war an den 80er Joren a sengem véierte Joer Medezin, wou hien ee ganz besonnesche Patient kennegeléiert huet.
"Do hate mer en AIDS-Patient. Dat war e jonken Amerikaner, Ballet-Dänzer. Hien hat AIDS - dat heescht, dat ass d'Endstadium vun der HIV-Infektioun. Mir stounge ronderëm dat Bett, ronderëm dee jonke Mann, an hie war voller Angscht. Et huet kee sech getraut, hie richteg unzepaken. Ech hunn dat iergendeng Kéier net méi ausgehalen, an do hunn ech awer meng Hand op hie geluecht. Do hunn ech verstanen, als jonke Student: dat hei ass wierklech eng Urgence."
Et war an dëser Zäit, datt den Dr. Schockmel decidéiert huet, an d'HIV-Fuerschung ze goen. Op der University of Oxford huet hien ënnert anerem mat héichkonzentréiertem HIV-Virus geschafft - net ongeféierlech an enger Zäit, an där et nach keng Traitementer gouf.
"Mäi ganzt Liewen ass eigentlech duerch dee Patient bestëmmt ginn. Meng Karriär huet ugefaange mat enger Pandemie. Dat war eeben AIDS, HIV. A si huet elo quasi opgehale mat enger Pandemie. An dat war d'Covid-Pandemie." Béides si sougenannten RNA-Viren. "Do gesäit een, wéi de Krees sech schléisst."
De groussen Ënnerscheed tëscht béide Pandemie wier virop d'Vitess gewiescht, mat där een drop reagéiert hätt. Et hätt schonn eleng e puer Joer gedauert, bis ee gewosst hätt, datt AIDS vum HIV-Virus ausgeléist géif ginn. "Dat ass alles ganz, ganz lues gaangen", esou den Dr. Schockmel.
"Am Verglach dozou war Corona eng Explosioun." De Virus wier séier identifizéiert ginn an och op Tester a Vaccinen hätt een net laang misse waarden. Dat dat esou séier gaange wier, wier net zoufälleg geschitt. "Do hu wierklech all d'Acteuren un engem Strack gezunn, wat een esou net gewinnt war."
Wéi eng Léiere kann een aus där Zäit zéien?
Op d'Fro, wat wärend der Covid-Pandemie am Réckbléck gutt geklappt huet, a wou nach Verbesserungspotential wier, huet den Dr. Gérard Schockmel als éischt positiivt Beispill d'Schoule genannt. Am Verglach zu den Nopeschlänner wier et de Schüler zu Lëtzebuerg gréisstendeels awer méiglech gewiescht, weider an d'Schoul ze goen. Doriwwer eraus hätt een eng gutt Infrastruktur an Ekipement an de Spideeler, genee wéi een nach ganz gudde Personalschlëssel am Santésberäich.
"Wou net esou glécklech, dat war d'Kommunikatioun", seet den Dr. Schockmel. Virop zu den Impfungen hätt ee vun ëffentlecher Säit méi missen informéieren, fënnt de Medezinner. "Et ass do, wou se sech dann ëmmer méi Leit an déi sozialen Netzwierker beginn hunn, an do hu se Informatioune kritt, déi natierlech net objektiv waren."
Och an der Debatt ronderëm eng méiglech Impfflicht wier ze laang gezéckt ginn. "Do war e gewësse Refus, fir déi Debatt ze féieren. A wéi se herno op massiven Drock vun alle Säiten trotzdeem geféiert ginn ass, war eigentlech den Zäitpunkt scho laanscht, wou dat nach Sënn gemaach hätt, well sech d'Situatioun mat Omikron a mat der kollektiver Immunitéit weesentlech verbessert hat."
Als "absolutt Katastroph" aus der Vue vun de Mënscherechter huet den Dr. Schockmel iwwerdeems den Ëmstand bezeechent, datt virop Leit an Alters- a Fleegeheemer vun hiren Léifsten isoléiert goufen. "Ech mengen, wann een e Liewe gelift huet, muss ee kënne selwer decidéieren. Wann ech decidéieren, datt ech wëll mäi Papp oder meng Fra nach eng Kéier gesinn, oder mat hinnen a Kontakt bleiwen a si sinn averstanen, da muss dat méiglech sinn."
"Mir sinn elo warscheinlech nees am Alter vum Obskurantismus ukomm"
Als "Covid-Erkläerer" huet den Dr. Gérard Schockmel wärend der Pandemie vill Opklärungsaarbecht geleescht a sech mat medezineschen Fakte géint Desinformatioun gestalt. Ëmsou méi maachen him déi aktuell Entwécklungen, an den USA ma och uechter d'Welt, Suergen.
"Mir sinn elo warscheinlech nees am Alter vum Obskurantismus ukomm", esou den Dr. Schockmel. "Wann Argumenter, wann Tatsaachen, wann Donnéeën, wa Statistiken, wann etabléiert Wëssen net méi zielt, ma just dat, wat ee perséinlech empfënnt, jo, da si mer natierlech an enger totaler Willkür."
Zanter dem Amtsuntrëtt vum neie President Donald Trump vollzéien d'USA ee radikale Kurswiessel. Dem prominente Covid-Expert Dr. Anthony Fauci säi Persouneschutz gouf opgehuewen, d'USA sinn aus der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) ausgetrueden a mam Robert F. Kennedy Jr. ass een Impfskeptiker als Santésminister nominéiert ginn.
"Wann een dat verfollegt, huet een deen Androck, et ass een am falsche Film", esou den Dr. Schockmel. "Wann d'Gesondheet an och déi international Kollaboratiounen zréckgefuer ginn, da geet et de Bierger schlecht, fréier oder spéider."
Mat de gréissten Defi, deen d'Mënschheet den Ament ze bewältegen hätt, géif iwwerdeems einfach ignoréiert ginn: de Klimawandel. "Ech weess net, wéi vill nach muss ofbrennen un Haiser a Kalifornien, bis datt och eng gewësse Partei do dorop kënnt, datt si villäicht eppes domat ze dinn hätten. Do ass en totalen Deni."
Eng nei Oligarchie géif sech déi aner Säit vum Pull etabléieren, d'Justiz géif a Fro gestallt ginn an d'Press ëmmer méi ënner Drock geroden. Als Europa misst ee sech elo op seng Stäerkte besënnen. "Mir hunn awer trotzdeem gewëssen Atouten a mir sinn e wichtegen Handelspartner."
Vum Spidol an d'Chamber
De Volet Politik huet beim Dr. Schockmel am Laf vun de Joren ëmmer méi Plaz ageholl. Zanter Oktober 2023 sëtzt hie fir déi Demokratesch Partei an der Chamber an ass Deel vun enger ganzer Rei Kommissiounen; nieft Gesondheet och Héichschoul, Recherche an Digitaliséierung, Justiz, Medien a Kultur. Zu senge perséinleche Prioritéiten huet sech den Dr. Schockmel am Interview éischter bedeckt gehalen, well dëst eng "eminent politesch Fro" wier. Ma eng Saach ass fir hie ganz kloer:
"Wat mer elo a mengem neie Mandat ganz wichteg ass: mir musse scho ganz gutt oppassen, fir eis Demokratien ze schützen." Menacë vu Baussen, zum Beispill a Form vu geziilte Feelinformatiounen oder selektiver Parteifinanzéierung, wier ee sech dacks bewosst. Ma dat wier just déi hallef Geschicht: "Et ass vu bannen, wou leider eis Demokratië ganz ufälleg sinn, well déi Fräiheeten, déi d'Demokratie erlaabt, jo och kënne ganz demokratesch benotzt ginn, fir déi Demokratie ofzeschafen."