Regierung wëll nach dëse Mount eng schrëftlech Reklamatioun zu Bréissel areechen

Dat sot den CSV-Inneminister Léon Gloden um Donneschdeg am Chamberplenum am Kontext vun der Verlängerung vu Kontrollen op däitsche Grenzen ëm 6 Méint.
D’LSAP an déi gréng hunn d’Regierung an enger gemeinsamer Motioun, déi an der Chamber diskutéiert gouf, gefrot, ee Schrëtt méi wäit ze goen an d’Grenzkontrollen am Schengenraum juristesch ze kontestéieren. Gefuerdert gëtt ee Recours beim Europäesche Geriichtshaff.
Dat fënnt den zoustännege Minister awer keng gutt Iddi. Dat géing an der Praxis och näischt bréngen. Bis dee Recours verhandelt an een Uerteel gesprach géing ginn, wiere méi wéi dräi Joer vergaangen, huet de Léon Gloden argumentéiert.
Dem Schengen-Codex no kéinten esou Kontrolle souwisou net méi laang wéi dräi Joer undaueren. D’Motioun gouf um Enn mat 40 Nee-Stëmmen, an 20 Jo-Stëmmen ofgeleent.
Déi zwee Auteuren vun der Motioun, den LSAP-Deputéierten Yves Cruuchten an de gréngen Deputéierten, Meris Sehovic, hu sech enttäuscht gewisen. Wa kee sech géing wieren, da géingen aus temporäre Grenzkontrollen, permanenter ginn, an et géingen dann och ëmmer méi esou Grenzkontrolle ginn, huet den Yves Cruchten gewarnt.
Frontex
Um Donneschdeg gouf an der Chamberplenière och ee Gesetzesprojet ugeholl fir d’Ëmsetze vun engem europäesche Reglement, fir d’Tâchë vun de Membere vun der Frontex ze encadréieren. Bis ewell hätt et zu Lëtzebuerg dofir kee legale Kader ginn, huet d’Rapportrice vum Gesetzesprojet an CSV-Deputéiert Stephanie Weydert präziséiert. Op Basis vum europäesche Reglement soll deen elo geschaf ginn. Zanter 2005 gëtt et Frontex, also d’Agence, déi déi europäesch Grenzen um Land an um Mier iwwerwaacht. Konkret soll de Gesetzesprojet d’Missiounen an d’Aufgaben encadréieren, déi d’Frontex-Memberen zu Lëtzebuerg hunn. De Gesetzesprojet gesäit ënnert anerem vir, datt d’Frontex-Memberen eenzeg an eleng an der Gestioun an an der Kontroll vun de Baussegrenzen oder an der Ënnerstëtzung am Beräich vun de Réckféierunge sollen agesat ginn. Dat an Zesummenaarbecht mat der Police um Fluchhafen a mat der Generaldirektioun vun der Immigratioun. De Gesetzesprojet gouf mat 57 Jo-Stëmmen an 3 Nee-Stëmmen ugeholl.