Gemeng HesperMataarbechter aus dem Personalbüro steet ënner Verdacht, bedrunn ze hunn

Claudia Kollwelter
D’Hesper Gemeng schéngt net zur Rou ze kommen. No Verontreiung vu Suen an Interessekonflikter gëtt et op en Neits e Fall vu Bedruch.

Affär Hesper / Reportage: Claudia Kollwelter

An engem Artikel vum Online-Magasinn Reporter.lu, deen e Méindeg de Moie publizéiert gouf, ass rieds vun engem Beamten, dee jorelaang seng Aarbechtszäite gefälscht huet. Op en Neits géif et awer och un Transparenz vu Säite vun de Gemengeresponsabele feelen.

Zanter 2019, dem Joer an deem de Beamten ëm deen et geet, am Departement vum Personalbüro vun der Hesper Gemeng geschafft huet, huet dësen op eng nawell culottéiert Manéier u sengen Aarbechtszäite gefréckelt. Hien huet de System fir sech an- an auszebadgen, massiv mëssbraucht a méi Stonnen enregistréiert, wéi en der effektiv geschafft huet. D’Mataarbechter si stutzeg ginn an hunn deelweis opgeschriwwen, wéini en do war a wéini net. Puer Wochen ier de Beamte suspendéiert gouf, war e carrement bal guer net méi um Büro heescht et am Artikel.

Reporter.lu nennt awer net just d’Detailer vun de Stonnen, déi de Gemengebeamten agedroen oder geännert huet, mee wërft virun allem d’Fro vun de Kontrollmechanismen an der politescher Transparenz an der Hesper Gemeng op. Et huet ëmmerhin zwee Joer gedauert, bis d’Verhale vum Beamten opgeflunn ass. No de Skandaler aus de leschte Jore schéngt sech an der Kontroll vun der Gemeng net vill gedoen ze hunn.

Viru genee engem Mount, de 17. Januar, huet de Buergermeeschter Marc Lies am leschte Gemengerot viru senger Auszäit drop gehalen, de Fall just am Huis-Clos ze diskutéieren an datt och keen ëffentlech iwwer d’Affär dierft schwätzen.

Reporter.lu ass dofir och just gewuer ginn, datt zanterhier verschidden Nobesserungen am System gemaach goufen, weider Detailer huet awer kee genannt. Ob d’Ëffentlechkeet méi gewuer gëtt nodeems de Gemengerot an den nächste Méint rëm ënnert dem Buergermeeschter zesummekënnt, ass och nach ongewëss.

Oppositioun reagéiert

E Méindeg de Moien huet iwwerdeems d’Oppositioun zu Hesper (déi gréng, LSAP a Piraten) an engem Schreiwes gefuerdert, eng ausseruerdentlech Gemengerotssitzung anzeberuffen. Et misst een dringend handelen, heescht et weider. “Mir fuerderen Transparenz. Mir fuerdere Verantwortung. D’Biergerinnen an d’Bierger vun Hesper hunn ech Recht, drop, datt dës Affär mat der néideger Drénglechkeet behandelt gëtt.

Dat wier net nëmme politesch inakzeptabel, ma géif och Zweiwel opkomme loossen, wéi eescht een et géif menge mat der Transparenz. Donieft wier bis ewell och nach keng offiziell Plainte an deem Fall gemaach ginn, wat awer néideg wier, fir datt déi finanziell Interessie vun der Gemeng geschützt géifen, esou déi 3 Parteien. Dës fuerderen elo op en Neits eng Gemengerotssëtzung bannent den nächste 15 Deeg. Sollt dat net geschéien, géif ee sech domat un den Inneministère wenden.

Back to Top
CIM LOGO