
D’Concessioune fir déi nei Apdikte goufen offiziell am Memorial ausgeschriwwen, d’entspriechend Demandë musse bis an engem Mount an de Gesondheetsministère geschéckt ginn. Aktuell zielt d’Land 102 Apdikten.
Den Ament ass vill Mouvement an der Apdikte-Landschaft, well d’Gewerkschaft vun den Apdikten op Gespréicher mat der Regierung waart, fir ënner anerem och d’Missiounen an d’Offer bannent de Butteker nei ze reegelen, notamment och wat d’Santés-Preventiounsaarbecht wéi Vaccinatiounen ugeet. D’Concessioune gi bis ewell no engem Quote-System ausgeschriwwen, deen den Apdiktesch-Syndikat awer wëll ofschafen.