Lëtzebuerger Jugendparteien erklären, wat hinne besonnesch wichteg ass
D'nächst Woch wäert an der Chamber iwwert déi geplangte Reform vum Pensiounssystem diskutéiert ginn.
Eng Pensiounsreform muss generatiounegerecht sinn. Dat war den Haaptmessage en Donneschdeg op enger Pressekonferenz vu fënnef Jugendparteien. D’nächst Woch ass an der Chamber eng Debatt iwwert de Pensiounssystem. Am Virfeld vun där Debatt hunn d’chrëschtlech-sozial Jugend CSJ, d’jonk Demokraten JDL, d’Jonk Sozialisten JSL, d’jonk Gréng, d’jonk Lénk, hire Mammeparteien um Krautmaart hir Prinzippie mat op de Wee ginn.
Éischte Prinzip fir déi fënnef Jugendparteien, deenen hir Mammeparteien esouwuel an der Majoritéit ewéi an der Oppositioun sinn, ass datt iwwerhaapt emol eng Reform néideg ass. D’LSAP hat mat der CSV déi lescht Reform 2012 ausgeschafft an huet nach am Walprogramm keen Handlungsbedarf gesinn. De Max Molitor vun de jonke Sozialiste mengt, seng Mammepartei géing elo och opgrond vun de Previsiounen de Constat deelen, datt et Ännerunge misste ginn.
Aner Prinzippie fir d’Jugendparteie sinn: d'Studiejoren, mee esouguer d’formation continue missten ugerechent ginn. De Pensiounsalter vu 65 Joer, respektiv déi 40 Cotisatiounsjoren, dierfen net an d’Luucht gesat ginn an d’Mindestrent soll un de Budget de Reference fir Senioren ugepasst an deemno erhéicht ginn.
Privé a Public harmoniséieren
Méi kriddeleg ass den anere Prinzip vun de Jugendparteien: datt de Pensiounssystem vum ëffentlechen Déngscht, d’régimes spéciaux, an dee vum Privé, de régime général, weider harmoniséiert ginn.
Heescht dat, datt d’Fonctionnairen, déi virun 1999 agestallt goufen, hir Rente solle gekierzt kréien? D’Tammy Hubert vun de jonke Gréngen huet eng aner Iddi genannt, e Fong soll op d’Bee gestallt ginn.
Esou kéinten déi méi generéis Renten, well am ëffentlechen Déngscht d’Cotisatiounen an ëmgedréint d’Leeschtungen net plafonéiert sinn, anescht finanzéiert ginn, ewéi just iwwert de Staatsbudget.
Rout Linn e "staarkt Wuert"
Déi meescht Prinzippie vun de Jugendparteie kléngen awer méi no méi Ausgaben ewéi manner. De jonken Demokrat Lou Linster sot, et wier elo Mol drëm gaangen, fir ze soen, datt eng Reform néideg wier a wann een zum Beispill net un de Rentenalter dierf goen, da misst een aner Solutioune fannen.
Den André Marques vun de jonke Lénken huet och op "Ureizer" higewisen, déi ee kéint entwéckelen, fir datt d’Leit fräiwëlleg méi laang schaffen.
D’CSJ an d’jonk Demokraten, deenen hir Mammeparteien an der Regierung sinn, wollten also net vu roude Linne schwätzen. De Metty Steinmetz vun der CSJ sot, et misst een elo kucken, ewéi d’Positioune vun de Parteie beim Debat an der Chamber d’nächst Woch wäerte sinn. Da géing ee kucken, ewéi ee sech weider positionéiert.
Adrenalin a jonk Piraten net gefrot
D’Jugendparteien hunn déi jonk vun der ADR an déi vun der Piratepartei net kontaktéiert. Bei de Piraten hätte se net méi gewosst, wien de Spriecher vun de jonke Piraten ass. Wat Adrenalin ugeet, wollte se no rezente Positioune vun der ADR en Zeeche géint Rietsextremismus setzen.