
Déi zwee Ugekloter hunn ausgesot.
“Mat ärer Attitüd hale mer geschwënn op” an “et mengt een, dir hätt nach ëmmer net de seriö verstanen”, sot déi virsëtzend Riichterin an d’Richtung vum Haaptugekloten. Den Trainer konnt nämlech op kontinuéierlech Nofro net erklären, wisou hien d’Messer gegraff huet an domat dräi Mol op de Mann, deen um Buedem immobiliséiert war, agestach huet. Dëse louch nämlech um Bauch, eng Persoun souz op him drop. “Dir gesitt dat als Gewalt. Ech gesinn dat als Reaktioun op Faiten, déi ech erlieft hunn”, huet de fréieren Trainer vun der U13 bei der Escher Jeunesse probéiert sech ze verdeedegen. En Zeeche vu Regrete war awer bei him net wierklech ze erkennen.
No enger klenger Ënnerbriechung vun der Sëtzung huet säin Affekot d’Wuert gefrot a betount, säi Mandant wier nervös. Hien huet gefrot, ob dësen awer um Enn vum Prozess d’lescht Wuert krit. Dorop huet d’Riichterin gemengt: “Wann en Excusë presentéiert, impressionéiert dat mech net. Net no der leschter Véierelsstonn.”
Den zweeten Ugekloten, e Papp vun enger Fussballspillerin, war do méi zeréckhalend vis-à-vis vun de Riichter. Hien huet d’Faiten aus senger Vue erzielt. Wéi dat spéidert Affer, e 25 Joer ale Refugié aus dem Irak an der Däischtert mat zwee Messer op de Futtballterrain an der Hiehl zu Esch komm wier an dobäi och an d’Loft gestach hätt. D’Kanner wiere fortgelaf, hätte gejaut, wiere gefall. Ma soubal de Mann den deemools 22 Joer alen Trainer gesinn hätt, hätt e just nach Ae fir dëse gehat. Weider huet den Ugekloten erzielt, wéi hien, den Trainer an deem säin Hallefbrudder versicht hunn, d’Situatioun ze maîtriséieren. Een Ament wier de Mann geflücht, ma si wieren dësem hannendru gelaf. Aus Angscht ëm d’Kanner, wéi den Ugekloten ënnerstrach huet. Schliisslech hätt hien net gewosst, wou dës all higelaf wieren.
Wou den Ugräifer dunn den Terrain verlooss huet, wier en e Rambli erofgefall. Dobäi, respektiv kuerz dono hätt ee seng zwee Messer ewechgehäit. Deen Ament hätten och hien, deen eng Zill vun dräi bis véier Kilo am Grapp hat, an den Trainer, deen eng Poubelle hat, fir sech ze verdeedegen, ewechgehäit an hätte sech op den Ugräifer gestierzt.
Wou dësen um Buedem louch, wier alles ganz séier gaangen. De Papp vun der Spillerin hätt de Mann immobiliséiert an och zwee bis dräi mol mat der Fauscht geschloen. Den Trainer a säin Hallefbrudder hätten hien och mat Fäischt a mat Féiss an de Kapp an an de Kierper gerannt. Zu engem Ament huet den Trainer en dann och mat engem 500 Gramm schwéiere Steen op de Kapp geschloen. E Steen, well e keng Kraaft méi an den Hänn hat, wéi den Trainer wuel bei der Policeenquête ausgesot gehat hätt.
Wärend déi zwee Bridder de Mann da maltraitéiert hunn, hätt de Papp, deen um Mann souz, reagéiert. “Ech hu gesot: ‘Jongen, et geet duer, et ass lo gutt’”, sou den deemools 40 Joer ale Mann. Hien hätt sech iwwert de Kierper vum Mann geluecht, an nach e Fousstrëtt vum deemools 16 Joer ale Brudder vum Trainer ofkritt. Quasi am selwechten Ament hätt hien déi dräi Messerstéch um Mann gespuert, an nach eng Kéier gesot, dass et elo gutt wier. Dono hätten den Trainer a säin Hallefbrudder sech an d’Äerm geholl a wiere fortgaangen. Hien hätt sech ëm d’Affer gekëmmert, bis d’Ambulanz komm ass. Den Trainer streit dës Ëmäermung awer of.
“Hien mengt, hie wier en Held, an dat ass de Problem”, sot den Affekot vun der Famill vum Affer iwwert den Trainer. Der Famill vum Affer hätt hie gär den Owend vun de Regreten oder enger Entschëllegung erzielt, mä déi géing et net ginn. Den Affekot huet d’Riichter nach eng Kéier drop higewisen, dass d’Zeen, wou de Mann um Bauch um Buedem louch net dynamesch gewiescht wier. Et kéint een also net vu legitimmer Defense oder Provokatioun schwätzen.
De Procureur huet 18 Joer Prisong fir de fréieren Trainer, mat op d’mannst engem Deel dovun internéiert, gefrot. Fir de Papp, dee mat enger Zill op de Mann mat de Messer geschoss huet, an him dono, wou en um Buedem louch nach mat der Fauscht geschloen huet, freet hien eng Geldstrof. Eventuell awer och eng Suspensioun vum Urteel. Heescht, dass keng Strof gesprach géing ginn.
E Freiden de Moie geet de Prozess weider. Da mat der Defense vun den Ugekloten.
(11.3.2025) Prozess geet nach bis en Donneschdeg: Déidlechen Tëschefall op Escher Futtballterrain: zwou Persoune viru Geriicht
(12.3.25) Geriichtsaffär no Doud bei Jeunesse-Trainingsterrain: Zweete Prozessdag bréngt net vill méi Kloerheet