Douanestariffer eng "lose-lose" Situatioun fir USA an EU

© RTL-Archiv
Fir Lëtzebuerg wieren d’US-Douanestariffer op Stol- an Aluminium-Importer aus Europa net dramatesch.
Allerdéngs mécht d’Imprevisibilitéit vum neien US-President engem Suergen. Dat sot den Direkter vun der Chamber de Commerce, de Carlo Thelen e Freideg am RTL-Interview.
Wann et Sträit am internationalen Handel gëtt, da soll een dat senger Meenung no diskutéieren a verhandelen. En Handelskrich wier eng "lose-lose" Situatioun fir béid Säite vum Atlantik.
Den Impakt vun den Tariffer vu 25 Prozent op Stol- an Aluminium-Importer aus der EU wäert ee spieren. Mee dem Direkter vun der Chamber de Commerce no net esou staark, ewéi ee kéint fäerten. De Carlo Thelen erkläert, datt d’US-Stolproduzenten hir Präisser déi lescht Jore staark an d’Luucht gesat hätten, esou datt d’Produite vu Lëtzebuerg och mat den Tariffer nach ëmmer relativ gënschteg wieren. D’Tariffer wieren e schonn e bëssen am Präis mat aberechent.
De Carlo Thelen schwätzt vu Volatilitéit: et weess een net, wat nach kënnt. Suerge mécht hie sech, wann d’USA d’Fongeplaz oder d’Satellitten-Industrie an d’Viséier géingen huelen. Och Taxen op d’Automobilindustrie kéint negativ Konsequenze fir d’Zouliwwerer ginn, déi am Grand-Duché implantéiert sinn.
Wat ass fair?
Ass et da richteg, wann d’EU als Reaktioun elo Géigen-Taxen op US-Importer an d’EU aféiert? Jo, mengt den Direkter vun der Handelskammer. Mee d’Géigemesure solle proportionéiert sinn, also "net mam décken Hummer."
Den Donald Trump rechtfäerdegt d’Taxen op Importer aus der EU domadder, datt Stol aus dem Ausland déi lescht Joren den US-Marché iwwerschwemmt hätt. Oder nach, datt US-Autoe mat 10 Prozent an der EU besteiert ginn an ëmgedréint Autoen aus der EU just mat 2,5 Prozent an den USA. Och wann dat stëmmt, esou bedeit dat net datt et onfair war oder en Desequiliber do wier, esou de Carlo Thelen.
A verschidde Beräicher villäicht, mee Lëtzebuerg géing an anere Beräicher zum Beispill vill méi aus den USA importéieren ewéi exportéieren. Et géing vun de verschiddene Produkter ofhänken. "Dee Bilan misst een eng Kéier am Detail maachen", esou de Carlo Thelen.
Den Direkter vun der Chambre de Commerce gesäit d’Tariffer op EU-Importer iwweregens net esou schlëmm, ewéi déi héisch Energiekäschten, dorënner d’CO2-Taxe. De Carlo Thelen sot et misst nieft dem "Green Deal" oder en europäeschen "Industrial Deal" ginn.