Wat als "Witz" vun enger mannerjäreger Schülerin geduecht war, huet e gréisseren Asaz vu Police a CGDIS ausgeléist an eng Partie Elteren uerg beonrouegt.

E Freideg de Mëtteg kuerz no zwou Auer goufen eng Dosen Eltere vun der Maison relais vu Stengefort ugeruff. De Grond fir déi aussergewéinlech Apeller: e "klengen" Incident, deen awer "net weider schlëmm" wier. RTL-Informatiounen no wier dat de Message gewiescht, deen an den Ouere vun den Elteren awer net onbedéngt fir Entwarnung gesuergt hätt.

Wéi eescht d'Situatioun no deem klengen Incident geholl gouf, weist d'Konsequenz, mat där reagéiert gouf: Direkt e puer Ambulanze wieren op der Plaz gewiescht, ausserdeem de Samu an och d'Police.

Ausgeléist gi war den Asaz, well e Kand Desinfectant, deen zanter der Covid-Zäit nach do houng, fir sech d'Hänn virum Iessen ze desinfizéieren, an d'Kréi oder an ee Krou mat Waasser gesprutzt hat. Eng 12 Kanner an eng Educatrice, déi vum Waasser mat Propanol dra gedronk haten, koumen doropshin an d'Kannerklinik. Den Dosage soll net ganz héich gewiescht sinn, trotzdeem goufe Bluttanalyse gemaach an eenzel Kanner hu musse bis owes dobleiwen, éier se nees konnten heemgoen. Verschiddener dierften dann och nach weider suivéiert ginn.

Offiziell informéiert gouf bis elo net iwwer de Virfall, wuel och well d'Verursaacherin mannerjäreg ass, mee natierlech leeft eng Enquête vun der Police.

Op RTL-Nofro e Sonndeg am Nomëtteg hin, confirméiert de Stengeforter Buergermeeschter Sammy Wagner de Virfall, betount awer, datt sämtlech Prozeduren agehale gi wieren a seet sech erliichtert, datt méi schlëmm Konsequenzen ausbloufen.

Et wéilt een dann och genee analyséieren, wéi et zu deem Incident konnt kommen a wéi een esou eppes an Zukunft kéint verhënneren.