Wirtschaftsministère versprécht administrativ VereinfachungenAn Zukunft soll een eng Firma a maximal 10 Schaffdeeg kënne grënnen

Claude Zeimetz
Fir d'Opmaache vun enger Firma ze vereinfachen, soll dat an Zukunft iwwer eng eenzeg Prozedur am Wirtschaftsministère méiglech sinn.
© Tom Zeimet

Dat hei ass kee ‘One shot’. Mir hunn eis d’Versprieche ginn, datt de Prozess ëmmer weider geet”, sot de Wirtschaftsminister Lex Delles, wéi hien e Freideg de Moie mat Vertrieder vun der Chambre des métiers an der Chambre de commerce eng Rëtsch nei Mesurë virgestallt huet, fir déi administrativ Demarchë fir kleng a mëttel grouss Betriber ofzebauen.

Simplification administrative PME / Reportage Claude Zeimetz

Ee konkret Beispill: Bis Enn dës Joers sollen all d’Demarchë fir e Betrib ze grënnen an enger eenzeger Prozedur am Wirtschaftsministère regroupéiert ginn. Vun der “autorisation d’établissement” iwwert d’TVA-Nummer bis hin zu der Matricule. Haut bräicht et nach ronn ee Mount, bis datt een alles duerchlaaft huet. Erkläerten Zil vum Wirtschaftsminister Lex Delles ass et, op 7 bis 10 Schaffdeeg erofzegoen. Donieft versprécht de Ministère ënnert anerem, de System vun den Hëllefen ze vereinfachen.

A bei all de Gesetzprojeten, déi dëst Joer deposéiert ginn, spillt den annoncéierte Prinzip vum “Silence vaut accord” an den “Once Only”. Déi concernéiert Betriber sollen hir Donnéeën also nëmmen eemol beim Staat mussen eraginn. Mëttel- bis laangfristeg ass och eng digital Plattform um Niveau vum Wirtschaftsministère geplangt, iwwert déi d’Verwaltungen déi néideg Informatioune kënnen deelen. Fir e besseren Iwwerbléck ze kréien, sollen dann all d’Aktivitéitszonen am Land am sougenannte “Cadastre de Commerce” regroupéiert ginn, fir op ee Bléck ze gesinn, wou nach eidel Terraine fir nei Aktivitéiten disponibel sinn. Eng konkret Zäitschinn, vu wéini un all déi ënnerschiddlech Mesurë solle gräifen, gouf et awer net.

Eppes, wat elo schonn en Place ass, ass déi sougenannten digital “fiche d’hébergement”. Andeems dës Demarche elo iwwer MyGuichet gemaach ka ginn, hätt een elo scho méi wéi 15.000 Bréiwer gespuert, sou de Ministère.

D’Erwaardunge vun der Chambre de commerce an der Chambre des métiers, datt sech elo effektiv eppes ënnert dëser Regierung bei der administrativer Vereinfachung deet, sinn op alle Fall grouss. Vum Terrain net ze schwätzen.
Zejoert wier 35 Prozent vum Personal mat administrativen Aufgabe beschäftegt gewiescht, sot den Tom Wirion vun der Handwierkerkummer. Zäit, déi fir déi eigentlech Aarbecht feelt. 1990 waren et nëmmen 11 Prozent. Fir den Direkter vun der Chambre des métiers misste grad déi vill ganz Handwierksbetriber manner mat Paperasse geplot ginn. “Weniger ist mehr” sot den Tom Wirion zum Ofschloss vun der Pressekonferenz.

D’Chambre de commerce fir hiren Deel huet eng qualitativ Ëmfro bei engem Echantillon vu 50 Betriber gemaach, fir ze héieren, wou de Schong konkret dréckt. Déi administrativ Demarchë gi vun enger Majoritéit nach als Belaaschtung empfonnt. 33 Prozent vun de befroten Entreprisen hunn am leschte “Baromètre de l’économie” zejoert uginn, si hätten d’Gefill, d’Demarchë wiere souguer nach méi komplizéiert ginn.

D’CSV-DP-Regierung steet da voll a ganz hannert der EU-Kommissioun hiren Demarchen, fir d’Nohaltegkeetsrapporten ze vereinfachen. D’Exigenze beim sougenannte “Reporting” géife vu ville Betriber als grouss Belaaschtung gesi ginn, soten déi dräi Riedner op der Pressekonferenz. Dat géif net heeschen, datt een dereguléiere wéilt.

Weider Detailer am Schreiwes vum Ministère.

Back to Top
CIM LOGO