Vu Bukarest a FrankräichLëtzebuerg erliichtert den Transport vun dräi palästinensesche Patienten

RTL Lëtzebuerg
Hei geet et ëm liewenswichteg medezinesch Behandlunge vun dräi palästinensesche Patienten, dat am Kader vum Europäesche Katastrophe-Schutzsystem.
Heibäi handelt et sech net ëm e Patient bei dësem Transport, mä ëm eng Foto vun der AFP.
Heibäi handelt et sech net ëm e Patient bei dësem Transport, mä ëm eng Foto vun der AFP.
© Deir el-Balah, Palestinian Territories

Lëtzebuerg huet den Transport vun dräi palästinensesche Patienten erliichtert. Den 19. Mäerz 2025 gouf dësen Transport organiséiert, all Patient gouf vun zwou Persounen aus dem noen Ëmkrees begleet, fir eng anstänneg medezinesch Iwwerwaachung an e sécheren Transport ze garantéieren.

Dës Patiente goufe vun de rumäneschen Autoritéiten als éischt aus der Gazasträif op Bukarest evakuéiert. De Grand-Duché huet dunn iwwerholl an den Transport a Frankräich garantéiert.

Dës Missioun gouf am Optrag vum sougenannten Emergency Response Coordination Centre (ERCC) vun der Europäescher Kommissioun duerchgefouert. Den Transport selwer ass iwwer d’Luxembourg Air Rescue gemaach ginn. Och de CGDIS war ënnert anerem bei dëser Missioun involvéiert.

De Communiqué vum zoustännege Ministère

Le Luxembourg facilite le transport de trois patients palestiniens depuis Bucarest vers la France pour des soins médicaux vitaux (19.03.2025)

Communiqué par : ministère des Affaires intérieures / ministère des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et du Commerce extérieur

Le 19 mars 2025, dans le cadre du mécanisme européen de protection civile, le Luxembourg a facilité le transport de trois patients palestiniens depuis Bucarest vers la France afin qu’ils puissent recevoir des traitements médicaux vitaux. Chaque patient était accompagné de deux proches afin d’assurer un suivi médical adéquat et un transport sécurisé.

Ces patients avaient été initialement évacués depuis la bande de Gaza vers Bucarest par les autorités roumaines. Le Luxembourg a pris en charge leur transfert ultérieur vers la France.

Cette mission a été réalisée à la demande du Centre de coordination de la réaction d’urgence (ERCC) de la Commission européenne. Le transport a été assuré par Luxembourg Air Rescue, utilisant les heures de vol dédiées aux évacuations sanitaires (MEDEVAC) du dispositif emergency.lu.

Cofinancée par le ministère des Affaires étrangères et européennes, de la Défense, de la Coopération et du Commerce extérieur (MAE) et par l’Union européenne, cette opération a été réalisée en étroite coordination avec le ministère des Affaires intérieures et le Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS).

Back to Top
CIM LOGO