Chineesesche Grupp Legend HoldingsDen Haaptaktionär vun der BIL géing iwwerleeën, seng Parten ze verkafen

RTL Lëtzebuerg
Dat mellt d'Noriichtenagence Reuters, déi sech op Aussoe vun zwou gutt informéierte Sourcë berifft.

Déi chineesesch Holding huet aktuell 90 Prozent vu de Parte vun der Lëtzebuerger Privatbank. Déi aner 10 Prozent gehéieren dem Lëtzebuerger Staat. Aktuell géing Legend Holdings verschidden Optioune consideréieren, wat de Verkaf ugeet. Eng Optioun kéint déi sinn, fir de Service fir Privatclienten an dee vun der Verméigensverwaltung separat ze verkafen. Am Fall vun engem Verkaf kéint d’BIL op 2,5 Milliarde bis 3 Milliarden Euro bewäert ginn, mengt eng vun de Sourcen.

Bis elo huet sech weder Legend Holdings nach d’BIL dozou geäussert.

Aus dem Finanzministere heescht et, de Verkaf vun der Participatioun vum Lëtzebuerger Staat un der BIL stéing net op der Dagesuerdnung. De Staat géing sech doriwwer eraus net u Rumeuren iwwer Drëtter bedeelegen.

Back to Top
CIM LOGO