
Dat ass d’Conclusioun vun der alljärlecher Missioun vum Internationale Wärungsfong (IMF) zu Lëtzebuerg. Een vun deene Risiken ass a bleift de Wunnengsmaart.
Trotz der rezenter Präis-Korrektur, surtout bei de Bestandswunnenge misste Mesuren geholl ginn, fir wunne méi abordabel ze maachen. D’Anna Shabunina, vum IMF seet: “Mir mengen, datt et fir Lëtzebuerg immens wichteg ass, de Probleem vum bezuelbare Logement unzegoen. Dat ass, wat d’Liewenskäschten dreift, dat mécht Drock op d’Léin a wann dat net geléist gëtt, kéint et an Zukunft de Wuesstem bremsen.”
D’Zensur fir der Regierung hir Mesuren géint d’Bau- a Logementskris fält gemëscht aus. Mesuren, fir Bauprozeduren z’acceleréier, fënnt den IMF gutt. En ass och fir eng Grondsteier-Reform mat där Bauland mobiliséiert gëtt, well d’Offer vun neie Wunnenge misst klammen. Mee: “Mir recommandéiere keng Mesure fir d’Demande z’ënnerstëtzen, well doduerch déi néideg Ajustementer verzögert ginn”, präziséiert d’Anna Shabunina.
Am Kloertext: D’Präisser fir nei Wunnengen ginn héich gehalen, dat duerch steierlech Ureizer, fir ze kafen. Den IMF recommandéiert déi ofzeschafen, ugefaangen bei den Investisseuren, déi verlounen. Déi Mesuren hätten déi rezent Schocken vläicht e bëssen amortiséiert. Mee amplaz Momentum um Marché, hätten se éischter e “moral hazard” geschafen.
Ma héich Präisser heescht déck Prêten rembourséieren. Domat hunn ëmmer méi Leit Probleemer. D’lescht Joer ass d’Zuel vun de schlechte Kreditter an de Bicher vun de Lëtzebuerger Banken vun 2,6% op 3,4% geklommen.
Den IMF mécht och Recommandatiounen zum Pensiounssystem. D’Experten vu Washington stelle fest, datt den effektiven Pensiounsalter zu Lëtzebuerg am internationale Verglach niddreg ass. “Dat wier dofir den éischte Punkt, den effektive Rentenantrëttsalter misst gehuewe ginn, andeems een d’Ureizer, fir fréi an d’Pensioun ze goen, ofschaaft. A schlussendlech misst de Rentenalter un d’Liewenserwaardung ugepasst ginn.”
Den IMF fënnt och, datt d’Pensiounen zu Lëtzebuerg generéis sinn, mat engem héijen Taux de remplaçement am Verglach zum Verdéngscht wärend der aktiver Zäit. Ma den IMF schléisst eng Augmentatioun vun de Recetten net aus, fir de System finanziell ofzesécheren. “Eng Augmentatioun vun de Cotisatiounen kéint Deel vun der Léisung sinn, mee mir warnen awer, datt een do genee muss kucken, wat méiglech negativ Konsequenzen sinn, fir den Zougang um Aarbechtsmarché.”
Wat d’Staatsfinanzen ugeet, begréissen si d’Pläng, eng Scholdebrems anzeféieren, déi géif hëllefen den AAA z’erhalen a se roden dozou, onerwaarte Recetten an net getätegt Depensen op d’Säit ze leeën. Doriwwer eraus mengen si, Hëllefsmesuren, déi wärend de Krisen an de leschte Joren agefouert goufen, sollten nees opgeléist ginn.