Imagerie médicaleAacht nei Apparater fir 3D-Mammographien

RTL Lëtzebuerg
Déi aacht nei Mammographie-Geräter maache méi detailléiert Biller, esou datt Opname méiglech sinn, déi no um 3D leien.
© RTL-Archiv

Mat där neier Technologie kënnen ënnert anerem schwéier erkennbar Tumeure besser detektéiert ginn an den Diagnostik gëtt verbessert. Dat geet aus enger Question parlementaire vum LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo un d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert ervir.

Déi aacht nei Geräter ersetzen déi aktuell siwe Maschinnen, déi uechter d’Land a verschiddene Spideeler am Asaz sinn. Doriwwer eraus kritt de Centre Hospitalier du Nord, dee bis ewell just eng esou Maschinn hat, dann nach eng zweet derbäi. Deen Ament huet dann all Centre Hospitalier am Land zwee esou Apparater. Am September sollen d’Mataarbechter an de Spideeler un den neie Maschinne geschoult ginn.

PDF: Réponse à la question parlementaire

Back to Top
CIM LOGO