Background am Gespréich (17. Oktober)Aarbecht zu Lëtzebuerg: Wat ass nach gefrot?

Carine Lemmer
E Samschdeg sinn d'Isabelle Schlesser, d'Christina Gathmann an den Alex Mutombo eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Wéi geet et dem Lëtzebuerger Aarbechtsmarché? Dat diskutéiere mer dëse Samschdeg am Background.

De Chômage ass héich, trotz oppene Plazen. Wat oder wien ass haut an der Aarbechtswelt gefrot? A wéi verännert KI eis Aarbechtsplazen?

Am Studio ass live d'Direktesch vun der ADEM Isabelle Schlesser. Mir analyséieren de Wandel um Aarbechtsmaart awer och mat der Ekonomistin Christina Gathmann vum Fuerschungsinstitut LISER. A mir schwätze mam Conseiller Alex Mutombo vun der ADEM. Hie vermëttelt zanter 17 Joer tëscht deenen, déi Aarbecht sichen, an de Patronen.

Background am Gespréich iwwer d'Lëtzebuerger Aarbechtswelt héiert Dir, wéi gewinnt, dëse Samschdeg live tëscht 12 an 1 um Radio.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.

Back to Top
CIM LOGO