Transfert vun Aktivitéite beim CargoCenterAarbechtsplazen an Aarbechtskonditioune fir déi 1.200 Mataarbechter garantéiert

RTL Lëtzebuerg
Dat confirméieren d'Gewerkschaften OGBL, LCGB an NGL-Snep. Et gouf en Accord mat Luxair a mam neie Bedreiwer Luxcargo Handling ënnerschriwwen.

Dat confirméieren d’Gewerkschaften OGBL, LCGB an NGL-Snep.

Et gouf en Accord mat Luxair a mam neie Bedreiwer Luxcargo Handling ënnerschriwwen.

Et ginn Jobgarantië fir d’Personal, dat transferéiert gëtt. Et soll keen aus ekonomesche Grënn entlooss ginn a Luxcargo Handling engagéiert sech, Sozialpläng mat de Syndikater ze verhandelen.

Bei Luxcargo Handling - der Duechtergesellschaft vu Cargolux - wäert och e Kollektivvertrag verhandelt ginn.

Bestoend Rechter solle bäibehale ginn. Ënner anerem dat steet am genannten Ofkommes.

D’Luxair hat d’Gestioun vum Cargo-Zenter dëst Joer opginn. Eng Lizenz goung doropshin u Luxcargo Handling, déi aner un de griicheschen Acteur Goldair Handling S.A.

Luxcargo iwwerhëlt dat komplett Personal.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO