An de leschte StonnenAbréch an Haus an an Auto gemellt, eng Persoun festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg am Nomëtteg gouf een Abroch an en Haus zu Biergem gemellt. Den Déif hat all Raim duerchwullt.

D’Enquête leeft, sou d’Police.

An der Nuecht op e Mëttwoch gouf zu Viichten an der Rue de Schandel ee Mann gemellt, deen un enger Autosdier ronderëm gezunn huet. De Mann konnt vun der Patrull op der Plaz festgeholl ginn.

Am fréien Dënschdeg den Owend gouf ee Chauffer zu Miedernach der Police gemellt. Hien hat ze vill gedronk, de Permis ass fort.

Back to Top
CIM LOGO