PoliceAbréch zu Konsdref an Hiefenech an de leschte Stonnen

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, waren zanter en Dënschdeg nawell vill Onéierlecher ënnerwee.
© RTL Archivbild

Zum Beispill en Dënschdeg de Mëtteg. Do gouf et een Abroch an en Eefamilljenhaus an der Rue Hicht. D’Spueresécherung vun der Police war op der Plaz.

An en anert Eefamilljenhaus gouf dunn owes an der Regiounsstrooss zu Hiefenech agebrach. Hei gouf den Täter allerdéngs vun enger Bewunnerin iwwerrascht. Den Onbekannten ass geflücht, eng direkt ageleete Sichaktioun war negativ.
A béide Fäll goufen Ermëttlunge lancéiert. D’Police erënnert och nach emol op hirem Site drun, wéi ee sech virun Abréch schütze kann.

Da gouf awer nach en alkoholiséierte Chauffer gemellt, deen zu Beetebuerg ënnerwee war. Eng Patrull huet dëse kuerz drop ausgemaach a kontrolléiert. Do koum dann och eraus, dass de Chauffer gedronk hat. Hie krut de Permis ewechgeholl.

Back to Top
CIM LOGO