An der StadAbriecher konnt op frëscher Dot erwëscht ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Police krut e Sonndeg de Moien um 10.18 Auer e méiglechen Abroch an en Eefamilljenhaus an der Rue Malakoff a Clausen gemellt.

Op der Plaz ukomm, huet d’Police eng futtis Fënster un der Entréesdier festgestallt, grad ewéi Geräischer bannen am Haus. De presuméierten Abriecher huet sech duerch d’Bascht gemaach, wéi en d’Beamte gesinn huet. E konnt awer kuerz drop net wäit ewech gepëtzt gi vun de Polizisten. E Méindeg de Moien hat e Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO