WaldhaffAccident mat 4 Autoen, 8 Persounen fir Kontroll an d'Spidol

RTL Lëtzebuerg
D'Streck war um Sonndeg de Mëtteg kuerz Zäit gespaart ass awer elo nees op.
© Mobile-Reporter

D'Police mellt e Sonndeg de Mëtten en Accident mat 4 Autoen hannert dem Waldhaff a Richtung Gonnereng.

Déi éischt zwee Gefierer hu wéinst Zéifloss gebremst, well awer déi zwee Autoen hannendrun net gebremst kruten, koum et zu engem Accident.

6 Erwuessener an zwee Kanner koume fir eng Kontroll an d'Spidol komm.

D'Streck war kuerz gespaart, ass awer nees komplett op fir den Trafic.

© Mobile-Reporter

Back to Top
CIM LOGO