PoliceAccident mat Farerflucht an e Randaléierer an engem Linnebus

RTL Lëtzebuerg
Kuerz viru 7 Auer de Sonndeg de Moie fréi hat et um Zéissenger Kräiz op der Areler Autobunn geknuppt.

De Chauffer dee Schold hat, hat sech duerch d’Bascht gemaach. Eng Patrull huet hien awer fonnt. De Schëllegen hat ze vill gedronk.

E Samschdeg de Mëtten hat en alkoholiséierte Passagéier an engem Linnebus an der Stad därmoosse randaléiert, dass en an eng Ausniichterungszell koum. Der Police no wär hien an deem Zoustand eng Gefor fir sech an anerer gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO