
D'Chaufferen haten déi accidentéiert Ween op d'Pannespuer virun den Tunnel Schengen gestallt an d'Police geruff. Op der Plaz hunn d'Beamte festgestallt, datt ee vun hinnen Alkohol gedronk hat. Och en Drogeschnelltest war positiv an ee vun de Chaufferen koum fir eng weider Ënnersichung an d'Spidol.
Wéi d'Police weider schreift, haten 2 weider Autoe Stécker, déi op der Fuerbunn louchen, ze pake kritt a goufe beschiedegt.
Et gouf protokolléiert.
En Zeien hat géint 0.50 Auer en Accident zu Schëffleng an der Avenue de la Liberté gesinn an der Police gemellt. De schëllege Chauffer war an d'Déifgarage vun engem Wunnquartier geflücht. D'Police konnt de beschiedegte Won an och den Automobilist ausmaachen. Den Alkoholtest war positiv an de Permis agezunn.
Géint 1.20 Auer ass eng Zeien zu Rolleng op e beschiedegten Auto opmierksam ginn, deen op enger Kräizung stoung. De Chauffer wier kuerz drop nees weider duerch de Rondpoint a Richtung Lycéesstrooss gefuer a krut do d'Leitplanken ze paken. Déi alarméiert Police huet den Auto bei der Wunnadress de queesche Wee an enger Parkplaz fonnt. De Mann huet zouginn gefuer ze sinn, huet awer refuséiert en Otemtest duerchféieren ze loossen. De Fürerschäin war hien och ouni Test lass, d'Unzeeche vum Alkoholafloss waren ze däitlech.
Och gedronk hat een Automobilist, dee géint 1.30 Auer zu Keel op engem Feldwee an der Géigend vum Kierfecht kontrolléiert gouf. D'Police war op de Won opmierksam ginn, well d'Luuchten an de Motor u waren. Den Alkoholtest war och hei positiv an däitlech ze héich an de Permis fort.