
En Accord, deen d’USA virun 2 Joer op der COP lancéiert hunn, a mat deem d’Regierunge sech verflichten, mam gudde Beispill virzegoen, fir bis 2050 emissiounsfräi ze sinn. Fir d’Signature waren e Mëttwoch awer och iwwer 40 engagéiert Schüler a Schülerinnen an d’US-Ambassade invitéiert.
“There is no planet B” hunn d’Schüler aus der St. George’s International School net just um Réck vun hire Pullovere stoe gehat, mee och kloer virum Ambassadeur an dem Minister betount. Donieft waren och Jonker aus der International School am Lycée Robert Schumann agelueden, fir hir Iddien a Visiounen ze presentéieren. Fir de 16 Joer jonke Julien Lemmer ginn et am Fong scho super Léisungsvirschléi.
“Et gi jonk Leit wéi d’Jonkfuerscher, déi och nohalteg an ëmweltfrëndlech Technike presentéieren. D’Léisunge sinn do, et muss ee sech just dru bedeelegen.”
An dat géif zum Deel och an de Schoule geschéien, mee et misst nach méi gemaach ginn, fënnt d’Julie Muller, och 16 Joer, an nennt en einfachen a konkrete Wee, dat ze erreechen.
“Zum Beispill duerch Sensibilisatioun. Vill Schüler si sech vläicht emol net bewosst, wat d’Konsequenze vum Klimawandel sinn a wann een näischt mécht.”
International Zesummeschaffe wier bei engem internationale Problem wéi dem Klimawandel onëmgänglech, huet den Ëmweltminister Serge Wilmes betount.
“Ouni d’USA, ouni China, ouni d’europäesch Unioun kréie mer net wierklech déi Efforten ëmgesat. Wann déi hir Responsabilitéit iwwerhuelen, kënne mer e grousse Schratt no vir kommen an dat musse mer zesumme maachen.”
Et wier fantastesch ze gesinn, wéi déi Jonk sech engagéieren, konkret an hire Schoulen Initiativen huelen. D’Schoul wier dofir och eng wichteg Plaz.
“Do, wou d’Kanner als éischt un déi Sujete kënnen erugefouert ginn. Doriwwer geschwat gëtt, e Bewosstsinn geschaf gëtt an op natierlech Manéier anescht liewen.”
Zil vum Accord mat den USA ass et, datt Regierungen ebe mam gudde Beispill virginn. Dat wier och am Koalitiounsaccord vu Schwaarz-Blo virgesinn, huet de Serge Wilmes ënnerstrach. Ënnert anerem wéilt ee jo sou gutt et geet bis 2030 all ëffentlecht Gebai mat Photovoltaik-Anlagen equipéiert an energeetesch sanéiert hunn an op 100% elektresch Gefierer ëmgeklomme sinn.