Dës Zoulag géint d’Deierecht geet d’nächst Joer ëm 10% an d’Luucht. Se ass och gekoppelt un d’Energie-Primm, déi verdräifacht gëtt. Detailer fënnt ee beim nationale Solidaritéitsfond op fns.lu.
Do huet een och eng Zort Rechemaschinn, iwwer déi ee gewuer gëtt, ob een a Fro fir dës Hëllefe kënnt, wéi ee Montant een als Zoulag ze gutt huet a wat een un Energie-Primm ka kréien.
All déi nei Mesurë wäerte bis zu 120 Milliounen Euro d’Joer kaschten, wa se all gefrot ginn. Well vill Leit guer net um Courant sinn, wat se un Allocatiounen ze gutt hunn, setzt d’Regierung op déi administrativ Vereinfachung.
Et soll och ee bessert Zesummespill mat de Gemenge ginn, fir d’Offices sociaux an aner sozial Acteuren ze entlaaschten an domadder méi Sozialaarbecht um Terrain méiglech ze maachen, esou de Familljeminister Max Hahn.
Jonker ënner 30 Joer dierft intresséieren, dass fir si bei der Deierechtzoulag d’Akommes net méi als Krittär spillt.
E puer Beispiller
Eng Eenzelpersoun, déi 2.700 Euro de Mount brutto verdéngt, kritt via d’Changementer bei der Allocatioun an der Energie-Primm d’nächst Joer 700 Euro méi. Bei enger Koppel mat zwee Kanner an engem Brutto vu 5.700 Euro sinn et ronn 1.000 Euro.
PDF: Verschidde Rechebeispiller fir d’Zoulaagen
Link: De Communiqué vum Site vum Familljeministère