D’LSAP hätt sech erwaart, datt den Tom Weidig aus der ADR ausgeschloss gëtt, well hien e Post geliked hat, an deem stoung LGTBQ misst vernicht ginn, esou de Ben Streff. Et wier een op engem Punkt ukomm, wou Grenzen iwwerschratt ginn - mat “Homophobie a Rassismus” - an dat kéint een net méi acceptéieren. Géifen et keng Konsequenze fir den Tom Weidig, da wier d’ADR ëmmer méi kloer eng “rietsextrem Partei” a wann d’Parteipresidentin Alexandra Schoos “net averstanen ass mat deem Ganzen” a “sech net duerchgesat kritt”, da wier fir d’LSAP hir Demissioun déi logesch Konsequenz.
Der grénger Deputéierter Sam Tanson no misst net just d’Alexandra Schoos sech Froe stellen. D’ganz Partei, all d’Membere, misste sech froen, ob si hannert der Decisioun vum Nationalcomité an hannert dem Verhale vum Tom Weidig stinn: “Et gëtt ganz kloer rietsextrem Tendenzen an der ADR, dat hu mer elo erëm gesinn”. Och d’Chamber misst sech Froe stellen, sou d’Sam Tanson: “Ob mer eis net zousätzlech Moyene musse ginn, fir ebe selwer e Pouvoir ze hunn wann esou (...) grav Faiten ewéi dat doten antrieden.”
Den DP-Fraktiounschef Gilles Baum stellt och fest, datt d’ADR “ëmmer méi no riets drift”, ëmmer méi enger AfD géif gläichen oder sech duerch déi nei Regierung an den USA “trumpistesch” opféiert. Och hien hätt sech méi kloer Sanktioune géint den Tom Weidig erwaart, och wann hien ni un en Ausschloss aus der Partei gegleeft huet, well d’ADR esou hir Fraktiounsstäerkt an der Chamber verluer hätt.
Den CSV-Generalsekretär an Deputéierten Alex Donnersbach bedauert, datt d’ADR “weiderhin esou e permanent Feelverhalen an hire Reien toleréiert” Genee ewéi de Gilles Baum, hätt hie sech och méi Informatioune gewënscht iwwer weider Mesuren, déi op den Tom Weidig sollen duerkommen.
D’ADR ass am Nationalcomité zur Konklusioun komm, datt hiren Deputéierte keng Leit wéilt vernichten oder dozou wéilt opruffen. Den Tom Weidig hätt sech och entschëllegt an e Feeler agesinn, esou d’ADR an engem kuerze Communiqué kuerz en Dënschdeg. D’Verwarnung an d’Mesurë géien et wéinst sengem kontinuéierleche Verhalen op den Online-Reseauen. Wat déi zousätzlech Mesurë wieren, doriwwer wollt d’ADR keng weider Detailer ëffentlech maachen.
Op eis Ufroen fir e Gespréich krute mer bei den ADR-Vertrieder an dem Tom Weidig en Dënschdeg entweder keng Äntwert oder Nee gesot.