
Wat de Virworf vun der Prise illégale d'intérêts ugeet, gouf d'Verjärung gesprach, an a Saache Verontreiung eng Suspension du prononcé, d.h. et gouf wuel festgehalen, dass Feelere geschitt sinn, dofir awer keng Strof gesprach.
Dem Affekot war virgehäit ginn, tëscht Januar 2002 an Abrëll 2008 als Curateur vun zwou Societéiten, déi 1993 faillite erkläert gi waren, net korrekt gehandelt ze hunn.
Dat andeems de Mann, deen zanter 42 Joer am Beruff schafft, am Januar 2002 Domiciliatiounskontrakter mat enger SA ënnerschriwwen hat, wat zum Bezuele vun net grad 42.700 € gefouert huet. Woubäi den Affekot Aktionär vun där SA war.
Säi Client hätt also Recht kritt a Saache Verjärung vun der Prise illégale d'intérêts; dogéint wär d'Verontreiung zréckbehale ginn, mat där Suspension du prononcé. Dat wär wuel positiv, sou de Me Rosario Grasso, mä.:
„Mir sinn awer nach ëmmer der Meenung, dass eise Client net eng Strofdot begaangen huet an onschëlleg ass!“
Un de fréiere Bâtonnier war et d'Fro, ob dës Affär, Stand elo, eventuell Konsequenze fir säi Mandant kéint hunn? Bei engem Affekot, deen an eng Affaire pénale implizéiert ass, géif ofgewaart ginn, bis d'Affär endgülteg fäerdeg wär, spréch en definitiivt Urteel virléich:
„A wann dat definitiivt Urteel seet, dass den Affekot eng Strofdot begaangen huet, da geet de Conseil de l'Ordre hin a kann dem Affekot eng Affaire disciplinaire maachen!“
De Client hätt awer nach keng Affaire disciplinaire op der Box:
„...well deen ass présumé innocent, bis en endgültegt Urteel virläit, an dat ass haut nach net de Fall!“
Woumat den Affekot vum Affekot eng Undeitung gemaach huet an d'Richtung, dass een eventuell nach d'Cour de Cassation mat dëser Affär befaasse kéint.