
Ee Mol an der Stad an ee Mol zu Déifferdeng goufen Automobilisten opgrond vun hirer Fuerweis vun der Police ugehalen a kontrolléiert. All Kéiers ass den Alkoholtest positiv ausgefall an e Fuerverbuet gouf ausgestallt.
Géint 3 Auer en Dënschdeg de Moie gouf dann zu Péiteng eng Fahrerflucht gemellt. En Automobilist huet bis zu fënnef geparkten Autoe beschiedegt an ass einfach sou nees fortgefuer. E wéineg spéider konnt den Auto gestoppt ginn. Et gouf e Fuerverbuet géint de Chauffeur ausgeschwat.
Ëm déi selwecht Zäit ass zu Esch a Cyclist, deen ënner Afloss vun Drogen an Alkohol stoung gefall an huet sech schwéier um Bee blesséiert. De Mann gouf op der Plaz versuergt a koum dono an d'Spidol. Den Alkohol- an Drogentest ware positiv ausgefall an esou gouf eng Blutt- an Urinprouf am Spidol ordonnéiert.