Permis fortAlkohol um Steier an 2 Fäll an der Nuecht op e Freideg

RTL Lëtzebuerg
Um Donneschdeg den Owend war et een Accident tëscht Bäerdref a Konsdref, bei deem een Automobilist am Rampli un d'Stoe koum.

De Chauffer hat gedronk, sou datt nom positiven Test de Permis agezu gouf.

Um Freideg de Moien um 5.13 Auer ass der Police ee Chauffer opgefall, deen a Schlaangelinnen ënnerwee war. De Mann hat gedronk, kee Fürerschäin oder Pabeiere bei sech an eng ofgelafe Steiervignette. Et gouf ee provisorescht Fuerverbuet decidéiert.

Back to Top
CIM LOGO