
Kuerz drop hunn d’Beamten d’Gefier dann zu Bous fonnt. De Chauffer war hannert dem Steier ageschlof an d’Beamten hunn e puer Mol misse probéieren, bis si hie wakereg kruten.
Den Alkoholtest war positiv an de Mann gouf fir déi weider Demarchë mat op de Policebüro geholl. Hei huet hie sech géigeniwwer de Beamte ganz onkooperativ verhalen. Hie krut e provisorescht Fuerverbuet.