
Géint 20.30 Auer e Freidegowend huet d’Police eng Verkéierskontroll an der Route de Noertzange gemaach. Dobäi ass de Beamten e Gefier opgefall, dat mat enger Vitess ënnerwee war, déi däitlech iwwert den erlaabte 50 Stonnekilometer louch. Ewéi d’Beamten dem Chauffer doropshin en Zeeche ginn hunn, fir stoen ze bleiwen, ass hinnen opgefall, dass et sech beim Gefier ëm eng elektresch Trottinett gehandelt huet.
De Chauffer vun der Trottinett huet allerdéngs net dru geduecht, stoen ze bleiwen. Amplaz huet hie versicht, virun de Polizisten ze flüchten. Dat ass him allerdéngs net gelongen. Hien huet d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass gefall. Well de Mann sech dobäi blesséiert huet, gouf hien op der Plaz medezinesch versuergt a koum duerno an d’Spidol.
En Alkoholtest, dee beim Chauffer gemaach gouf, ass positiv ausgefall. D’Trottinett gouf op Uerder vum Parquet saiséiert an et gouf e Rapport geschriwwen.