Am LokalenAlkoholiséierte Chauffer hannert Steierrad ageschlof

RTL Lëtzebuerg
D'Beamte vun der Police hunn direkt 2 Permise wéinst Alkohol um Steier agezunn.

Zu Diddeleng krut e Mann e Samschdeg den Owend säi Führerschäin ofgeholl. D'Police war wéinst engem Sträit tëscht enger Koppel an d'Rue Lentz geruff ginn. Nodeems déi Affär gekläert war, huet sech erausgestallt, datt de Mann, deen offenbar ze vill gedronk hat, mam Auto op d'Plaz komm war.

E Sonndeg de Moien um 9.15 Auer huet eng Policepatrull en Automobilist an der Iechternacherstrooss um Waldhaff um Bord vun der Strooss fonnt, deen hannert dem Steierrad geschlof huet. Den Auto hat e Platten a stoung op der Säit. Den Alkoholtest war positiv. De Mann gouf protokolléiert a war säi Fürerschäin lass.

Op der N12 tëscht Briddel a Rollengergronn koum et an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg zu engem Accident, an deen 2 Gefierer verwéckelt waren. Een Automobilist konnt engem aneren nach auswäichen, deen aus der entgéintgesater Richtung koum an op der falscher Spuer gefuer ass. En anert Gefier konnt allerdéngs net esou séier reagéieren an ass kollidéiert. De Samu huet missen d'Fuererin op der Plaz behandelen. Déi 2. Persoun, déi an den Accident verwéckelt war, gouf net uerg blesséiert. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall, de Chauffer konnt säi Permis awer behalen.

Wéinst Rettungs- an Opraumaarbechten huet d'Streck temporär misse gespaart ginn.

De CGDIS war dann nach e Sonndeg de Mëtteg um 12.30 Auer zu Fréiseng am Asaz. 3 Persounen goufen do bei engem Accident tëscht zwee Autoen an der Lëtzebuerger Strooss verwonnt.

Do virdru war géint 10.45 Auer war e Motorrad zu Mäerzeg an der Viichtener Strooss gefall an hat sech wéi gedoen.

D'selwecht ergoung et engem Motocyclist um 14.15 Auer zu Esch um Boulevard Charles de Gaulle.

Back to Top
CIM LOGO