Police melltAlkoholiséierten Automobilist flücht mat iwwer 130 km/h duerch Uertschaft

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no Hallefnuecht e Samschdeg ass zu Péiteng an der Géigend vun der Maartplaz en Automobilist opgefall, dee schëtzeg a Richtung Rolleng ënnerwee war.

D'Policepatrull ass dem Auto nogefuer, deen doropshi weider Gas ginn huet, an deels mat iwwer 130 km/h duerch d'Uertschaft gerannt ass. E konnt awer op engem Parking gestoppt ginn. Well de Chauffer sech net un d'Uweisunge vun de Poliziste gehalen huet, huet e mussen immobiliséiert ginn. Den Alkoholtest war positiv an domat de Führerschäin fort.

Back to Top
CIM LOGO