Mupp net ënner Kontroll a mam Auto ënnerweeAlkoholiséierten Hondsbesëtzer muss Permis ofginn

RTL Lëtzebuerg
Nieft dem alkoholiséierten Hondsbesëtzer gouf e weideren Automobilist mat ze héijem Alkoholtaux erwëscht, deen och nach ze séier ënnerwee war.

An der Nuecht op e Sonndeg waren d’Beamte vun der Police wéinst engem wuel alkoholiséierte Mann geruff ginn, dee säin Hond net ënner Kontroll hätt a gläich fortfuere géing. Bei der Kontroll vum Mann war den Taux vum Alkoholtest esou héich, datt de presuméierten Hondsbesëtzer de Fürerschäin nach op der Plaz huet missen ofginn. Den 113 preziséiert an hirem Bulletin net, wou et zum Virfall koum.

Géint 2.45 Auer gouf an der Route d’Ettelbruck zu Dikrech e Chauffer bei enger Vitesskontroll mat ze héijer Geschwindegkeet geblëtzt. Amplaz vu 50 Kilometer an der Stonn war den Automobilist mat 67 km/h ënnerwee. Bei der Kontroll ass de Polizisten opgefall, datt de Chauffer alkoholiséiert wier, wouropshin dësen huet misse blosen. Well och den Taux méi héich wéi erlaabt war, gouf de Permis agezunn.

Back to Top
CIM LOGO