
D’ALVA mécht an deem Kontext de Rappell vun de Precautiounsmesuren. Ënner anerem soll Gefligel just a Banneraim gefiddert ginn. De Kontakt mat wëlle Vulle soll evitéiert ginn, dofir kéinte bausse Fileten installéiert ginn.
E wëllt Déier, dat dout oder krank ass, soll der Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung gemellt ginn. Fir de Mënsch besteet keng Gefor, wa Gefligel-Fleesch oder Eeër giess ginn.