Asyl- a MigratiounszuelenAm September gouf et 135 Demanden op Asyl

RTL Lëtzebuerg
Déi Meescht dovunner koume vu Leit aus dem Afghanistan, Eritrea a Syrien. Dës Chifferen huet d'Direktioun vun der Immigratioun matgedeelt.
© AFP

850 Leit hunn déi éischt 9 Méint vun dësem Joer eng Asyl-Demande hei am Land gestallt. Dat lescht Joer ëm déi selwecht Zäit waren dat 65 Demande manner.

Iwwert d'Joer gekuckt goufe bis Enn September eng 1.060 Decisioune geholl iwwer Asyldemanden. 60% goufen ugeholl an de Refugiésstatut gouf unerkannt.

85 Persounen, déi hir Demande definitiv verworf kruten, goufen am Laf vun dësem Joer deboutéiert. 69 Persoune sinn fräiwëlleg zeréck an hir Heemecht gaangen, mä et goufen och 16 forcéiert Retouren.

PDF: De Communiqué mat allen Detailer

Back to Top
CIM LOGO