A7Am Tunnel Stafelter ware puer Autoen accidentéiert

RTL Lëtzebuerg
Éischten Informatiounen no waren am Ausgang vum Tunnel 4 Autoen an en Accident verwéckelt. De Réckstau goung bis op d'A1.
© RTL-Archiv

Informatiounen iwwer Blesséierter ginn et aktuell nach keng.

Den Tunnel gouf wärend den Opraumaarbechte komplett Richtung Norde gespaart. Eng Deviatioun goung via d'Sortie Waldhaff. De Réckstau goung géint 11.20 Auer scho bis zeréck bis an d'Sortie Kierchbierg op der A1 a Richtung Tréier.

Kuerz no 12 Auer koum d'Meldung, dass d'Iwwerhuelspuer am Tunnel nees fir den Trafic op wier. Géint 12.15 war den Accident geraumt.

Back to Top
CIM LOGO