
Der Partei Déi Lénk hirem Rotatiouns-Prinzip no ersetzen d'Ana Correia Da Veiga an de Gary Diederich de Marc Baum an den David Wagner. De Fokus vun deenen zwee neien Deputéierte läit däitlech op der sozialer Gerechtegkeet. Um Mëttwoch si si am Parlament vereedegt ginn.
Déi fréier Stater Gemengeconseillère huet sech an hirer Ried houfreg gewisen, déi éischt Deputéiert mat kapverdianeschen Originnen ze sinn. Si ass op hir Schoulzäit agaangen, déi net ëmmer einfach gewiescht wier. Et kéint ee soen, si hätt alles falsch gemaach, mee wa si haut zeréckkuckt, hätt si wuel awer éischter alles richteg gemaach, esou déi nei Deputéiert vun déi Lénk. Besonnesch d'Engagement vu verschidde Proffen huet si betount an domadder gewisen, wéi eng zentral Roll de Schoulsystem fir e Kand ka spillen.
Wat hiert Mandat an der Chamber ugeet, kéint a wéilt si guer net op alle Baler danzen, esou d’Ana Correia Da Veiga: "Dir kënnt op mech zielen, wann d'Organisatioune sech zesummendinn, fir der Gerechtegkeet méi no ze kommen. Dir kënnt op mech zielen, wann déi Jonk sech zesummendinn an eis ëmmer erëm op en Neits weisen, dass Haass keng Optioun ass. [...] Dir fannt mech, wann d'Republik ausgeruff gëtt."
Si wéilt net just Selfië posten an da verschwannen, esou nach d'Ana Correia Da Veiga. Hiert Zil wier et vill méi, d'Fuerderungen an d'Chamber ze bréngen an se do ze debattéieren.
Dem Gary Diderich ass besonnesch de Logement e wichtegt Uleies. Dass d'Situatioun fir vill Leit am Land desastréis wier, wier net nei, mee hien hätt d'Gefill, dass den Ausmooss ville Leit nach ëmmer net bewosst wier.
En Daach iwwert dem Kapp wier e fundamentale Besoin. Dass ee sech mat engem normale Salaire eng korrekt Wunneng leeschte kann, dat huet de Gary Diderich seng absolut Prioritéit genannt: "Meng Mamm war geléiert Coiffeuse. Mäi Papp huet op der Post geschafft. Si konnten nach eppes opbaue fir déi Generatiounen, déi no hinne komm sinn."
Haut wier dat awer anescht. An och dowéinst huet den neien Deputéierte vun déi Lénk gefuerdert, dass essentiel Déngschter, wéi d'Post, mee och déi, déi fir Energie, Waasser oder den Transport hei am Land zoustänneg sinn, méi sollte vergesellschaftlecht ginn. Dofir wéilt hie sech an der Chamber staark maachen.