RTL-ËmfroÄnnert Dir är Vakanzepläng wéinst der Delta-Variant vum Coronavirus?
A verschiddene Regiounen oder Länner, wéi Portugal a Groussbritannien, dominéiert aktuell déi héich ustiechend Delta-Versioun vum Virus.
Verëffentlecht: 02.07.21 08:29, Update: 02.07.21 12:25
Ënner anerem Däitschland huet béid Länner als "Virus-Varianten-Regioun" aklasséiert an dowéinst eng Reeswarnung erausginn. Enger Ëmfro no wäert awer de Gros vun eise ëstlechen Nopere sech dovunner net ofbrénge loossen an awer wéi geplangt an hir Vakanz goen.