
Géint 5 Auer gouf d’Police am Garer Quartier alarméiert, well eng mat engem Messer arméiert Persoun vill Kaméidi gemaach huet a sech Zougang zu engem Gebai verschafe wollt.
Wéi d’Beamten op d’Plaz koumen, konnte si de genannte Mann och untreffen. Dësen huet sech am Ufank ganz kooperativ gewisen an et konnt och kee Messer bei him fonnt ginn. Wéi d’Beamten d’Messer dunn awer an der Strooss ënnert engem Auto gesinn hu leien, ass dem Verdächtege seng Laun ëmgeschwongen. D’Polizisten hunn du probéiert, hien aus Sécherheetsgrënn ze immobiliséieren, ma och dogéint huet hie sech gewiert. Dat huet him awer net gehollef, well hie gouf trotzdeem matgeholl. De Parquet huet d’Messer saiséieren an de Mann protokolléiere gelooss.
Schonn e Sonndeg de Moie hat d’Police och am Garer Quartier e Chauffer gestoppt, dee wéinst enger verdächteger Fuerweis op sech opmierksam gemaach hat. Bei der Kontroll konnten d’Beamten Drogebulle bei béiden Insasse vum Won fannen, woubäi de Bäifuerer en Areesverbuet fir de Grand-Duché hat. De Parquet huet de Bäifuerer dowéinst verhafte gelooss an hie koum nach e Sonndeg virun den Untersuchungsriichter.
De Chauffer gouf protokolléiert, well hien ënner Drogenafloss Auto gefuer ass an e gefälschte Pass bei sech hat. Donieft goufen Drogen, zwee Handyen, Drogenutensilien a Boergeld saiséiert.