CGDIS-BulletinAuto a Brand zu Bartreng a 4 Blesséierter bei Autosaccidenter

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg sinn ënnert anerem zwee Autoen op d'Kopp gaangen.
© RTL

Am Lokalen goufen e Freideg zwee Leit an engem Accident zu Uespelt blesséiert. Zwee Autoe waren hei aneneegerannt.

Tëscht Kanech an dem Scheierhaff ass en Auto op d’Kopp gaangen. Hei gouf et ee Blesséierten.

Um Wupp vun der Arelerstrooss zu Bartreng huet um 22.30 Auer en Auto gebrannt. Et blouf beim Materialschued. Grad wéi e Samschdeg de Moie fréi zu Esch, wéi um Boulevard Kennedy d’Bremse vun engem Bus gebrannt hunn.

Tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Aire de Berchem sinn dann nach en Auto an e Camion aneneegerannt an eng Persoun gouf blesséiert wéi géint 03.30 Auer e Samschdeg de Moien nach en Auto um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte op d’Kopp gaangen ass.

Tëscht an der Ënnescht-Schlënner an Houschent ass e Samschdeg de Mëtteg géint 13.30 Auer e Motocyclist gefall a gouf blesséiert. Géint 15.40 Auer ass nach e Motorradschauffer gefall, déi Kéier zu Péiteng. Do blouf et awer beim Materialschued.

An wei d’Rettungsdéngschter mellen, ass nach um 14 Auer een Auto zu Déifferdeng bäigaangen. Do gouf et keen Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO