Hueschtert a FolschtBakteriologesch Verknaschtung vum Drénkwaasser, e Méindeg nei Analysen

RTL Lëtzebuerg
Et gi nach ëmmer Probleemer mam Drénkwaasser zu Hueschtert an zu Folscht, dat präziséiert Gemeng Rammerech um Samschdeg nach emol.
© AFP Symbolbild

Dat nodeems se um Freideg matgedeelt huet, datt d’Drénkwaasser duerch eng Bakterie verknascht ass.

Als Precautiounsmesure sinn d’Awunner dofir opgeruff, fir d’Krunnewaasser 2 Minutten ofzekachen, ier een et ka benotzen fir ze drénken, Iessen ze preparéieren oder ze spullen. Et soll een dann och kee Krunnewaasser benotzen, fir réit Uebst a Geméis ze wäschen.

D’Gemeng wéi och déi staatlech Instanze géingen enk zesummeschaffen, fir de Probleem esou séier wéi méiglech ze léisen, heescht et.

E Méindeg ginn nei Analysë gemaach an da gëtt d’Situatioun reevaluéiert.

Back to Top
CIM LOGO