LëtzebuergBankesecteur huet Kris ënnert dem Stréch bis ewell gutt verquësst

Pierre Jans
Dat huet den Direkter vun der Lëtzebuerger Bankenopsiicht, de Claude Marx am Interview op RTL Télé Lëtzebuerg erkläert.
Bankesecteur huet Kris bis ewell gutt verquësst
Dat huet den Direkter vun der Lëtzebuerger Bankenopsiicht, de Claude Marx, den Deputéierten an der zoustänneger Chamberkommissioun erkläert.

Mindeststeier vu 15 Prozent / Rep. Pierre Jans

Well d'Banke sech awer méi virsiichteg verhalen hunn, gouf manner Benefice gemaach. Méi laangfristeg interesséiert de Lëtzebuerger Finanzsecteur awer och déi grouss Annonce vum G7-Sommet: Grouss Multinationalle sollen an Zukunft eng Mindeststeier vu 15 Prozent bezuelen.

De Claude Marx begréisst d'Decisioun.

Claude Marx/Reportage Fanny Kinsch

"Dat huet fir mech haaptsächlech eng positiv Konsequenz iwwert den Image vu Lëtzebuerg, mir hu jo nach ëmmer dee Ruff zu Lëtzebuerg als Steierparadäis, obwuel mer dat laang net méi sinn, warscheinlech ni waren, mee dat hei dat wäert dann endgülteg dozou bäidroen, dass Zahlungsdienstleister, wéi Amazon, déi grouss hei zu Lëtzebuerg sinn, dass déi kënnen hei operéieren, ouni ënnert de Verruff dauernd ze kommen, dass se hei si well se keng Steiere bezuelen."

De Chef vun der Finanzopsiicht gesäit och keng Gefor, datt Betriber vu Lëtzebuerg géinge fortgoen, wann de G7-Accord a Musek ëmgesat gëtt.

"Ech mengen, dat géif jo viraussetzen, dass dee ganze Secteur just hei wier aus Steiergrënn. Mir hunn awer hei e grousse Secteur vun Zahlungsdienstleister, net nëmmen Amazon, mee och aner Firmen hei an ech gesinn awer elo net, dass dee Secteur géing verschwannen, well mer eng Minimalbesteierung vu 15 Prozent géingen aféieren."

De Lëtzebuerger Finanzminister hat de Virstouss vun der US-Regierung vum Joe Biden an engem rezenten RTL-Interview scho bal euphoresch begréisst. An en ass domat net eleng. De Laurent Mosar vun der Oppositiounspartei CSV schléisst sech un: "Ech begréissen déi Iddi vun der Mindeststeier. Et ass eng gutt Iddi. Et geet drëms, grouss Multinationallen ze besteieren, déi bis ewell bal guer keng bezuelt hunn."

Wat géif fir Lëtzebuerg änneren? Dat ënnert anerem an den USA op der Lëscht vun de sougenannte Steierparadäiser steet? Angscht bräicht een net ze hunn, seet den Deputéierte André Bauler vun der DP. Grouss Multinationalle ginn hei am Land mat ronn 25 Prozent besteiert.

"Sou dass mir an der OECD-Forschette éischter an der Mëtt leien. Mir waren nach ni e Steierparadäis."sou den André Bauler.

Do däerf een awer d'Steierrulingen net vergiessen, mat deene sech grouss Konzerner zu Lëtzebuerg individuell laanscht déi Besteierung manövréieren. Sou oder sou huet d'Finanzplaz hei nach genuch Zäit sech ëmzestellen.

"Dat ass eng Decisioun um Niveau vum G7. Déi muss bestätegt gi vum G20. Da muss se vun der OECD confirméiert ginn an dann um Niveau vun der Europäescher Unioun. Da kënnt fir mech déi wesentlech Fro: Wat besteiere mer? 15 Prozent op wat? Do hunn ech bis elo nach keng Informatioune kritt. Dat do dauert nach. Dat ass net fir haut an och net fir muer.", sot de Laurent Mosar.

D'Fro, déi sech stellt, ass, wou grouss Firmen an Zukunft hire Sëtz gesinn, wann effektiv iwwerall de selwechte Steiersaz gëlle géing. Do léich den Däiwel dem Laurent Mosar no dann am Detail.

Back to Top
CIM LOGO